Zukunft Lëtzebuerg

Mat ronn 48% Auslänner, quasi d’Halschent vun der Populatioun, aus ronn 170 ganz verschiddenen Härelänner, ass Lëtzebuerg eng vun de klengsten, europäesche Natiounen, mat där gréisster Unzuel un Auslänner. De Migratiounssaldo zielt hei notamment d’Portugisen, d’Fransousen, d’Italiener, d’Belge an déi Däitsch, als déi gréissten Auslännercommunautéiten am Land. Och déi 180.000 auslännesch Frontalier’en aus dem Grenzgebitt, souwéi déi statistesch erfaassten 2000 Asylufroen d’Joer, sinn e gesellschaftlechen a politesche Facteur, mat dem ee rechne muss. Leschte Studie vum Statec no, stellt een iwwerdeems och fest, datt de Bevëlkerungswuesstem zu Lëtzebuerg, konstant an d’Luucht geet – eleng 11.340 nei Awunner d’lescht Joer, goufen am Populatiounsregëster vun de Gemengen am Grand-Duché registréiert. D’Lëtzebuerg vun haut, dat si méi wéi 600.000 Awunner op 2.586,4 km2 Landesterritoire.

Do donieft, ass d’Gebuerterat beim Lëtzebuerger an tendenzieller Regressioun: Am Duerchschnëtt läit eng Lëtzebuerger Famill bei grad emol 1,5 Kanner, während d’auslännesch Communautéiten, bei wäit méi Familljenowuess leien, an domat reell a prozentual, déi gréisste Gebuertenzuel schreiwen. An den Ae vun eiser Partei, ass et wichteg, datt de Lëtzebuerger als Majoritéitscommunautéit an als Vollekssouverän am Land, geséchert bleift. Dës aussergewéinlech, demographesch Tatsaach, erfuerdert dowéinst och, e besonnesch wichtegen Ëmgang mat eiser Identitéitspolitik, der Lëtzebuerger Sprooch, eisem Nationalcharakter an der Herculesaufgab Integratioun.

Déi Konservativ erkennen d’Realitéit un, datt virun allem am Hibléck op de Wirtschafts- a Finanzstanduert Lëtzebuerg, d’Land op auslännesch Fachkraaft a Kompetenz mat ugewisen ass, an datt d’Mataarbecht aus aller Welt, och fir eist Land, nei Chancen a Méiglechkeete schaaft. Och d’Dimensioun vun der Flüchtlingskris, erfuerdert international Solidaritéit, och vu nationaler Säit aus Lëtzebuerg. Grad an Zäite vun engem Europa vu politeschen, identitären, sozialen, a finanzielle Krisen a Konflikter, ass et vun immenser Wichtegkeet a Noutwennegkeet, de soziale Fridden an déi sozial Kohesioun bei eis heiheem, lieweg a gesond ze halen.

D’Perspektiv gëllt awer och, ëmgedréint: Déi Konservativ si genee sou fest iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg e souveränt Land, mat enger eegener an eenzegaarteger lëtzebuergescher Identitéit ass, déi mir héich an helleg hale mussen. Et erkläert sech also vum selwen, datt Lëtzebuerg, e Land mat engem eegene Sigel ass, an och selbstverständlech, Här a Meeschter bleiwe muss! A Jidderee weess, datt d’Land och eng Plaz ass, wou och auslännesch Communautéiten matliewen a matwierken. Mir bidden dëse Leit nämlech d’Chance, op eng schéin Zukunftsperspektiv bei eis: virun allem op Aarbecht, Brout, e soziaalt Akommes, en Daach iwwert dem Kapp, eng Liewensqualitéit, a Sécherheet. Dat sinn och alles Grënn, firwat Lëtzebuerg fir si, esou interessant ass.

Als Partei sti deemno, fir eng Immigratioun op Basis vun enger aktiver, a vollwäerteger Integratioun, engem Migratiounssystem mat Vernonft, Kontroll, a Limitten, an ëmmer am Respekt zu eiser Lëtzebuerger Identitéit, eisem kulturelle Wäerteverständnis, eisem demokratesche Rechtsstaat, an eisen eegene, politesche Spillregelen! De Prinzip, ass fir eis deen, vum nationalen a patriotesche Leetgedanken. Mir trieden an enger traditioneller, souveräner, a verantwortungsvoller Aart a Weis, fir eis Identitéit, eis Kultur, eis Eegestaatlechkeet an eise Wäertekodex an. Eis Politikdevise muss dowéinst sinn: Eist Lëtzebuerg, ass eis éischt Prioritéit!

Mir sinn der Iwwerzeegung trei, datt Multikultigesellschaften, ouni eng vollwäerteg Integratioun, an ouni Respekt fir d’national Leetkultur, de falsche politesche Prinzip vu Gesellschaftsliewen ass. An eisen Aen, läit de Charme, d’Schéinheet an de Räichtem am internationale Kulturrespekt – souwéi am Jo-Wuert fir d’Existenzrecht an den Erhalt vun alle Natiounen a Kulturen op der Welt. Dëse Prinzip steet am Géigesaz zur Ideologie vu Multikulti mam Prinzip vum Potpourri.