Mënsch a Liewensqualitéit

Mir liewen an enger Welt, an där alles, immens séier a komplex ass, an engem Zäitalter, an dem sech positive Fortschrëtt, an negativ Feelentwécklunge manifestéieren, an där aal ass, wat gëschter nach nei gewiescht ass. An dësem wiesselsäitege Prozess, spillt d’Verantwortung vun der Politik fir d’Schafung an d’Gestaltung vun der Liewensgrondlag vun eiser Natioun.

Wann de fräie Mënsch a seng Matwelt nees am Fokus stoe sollen, da muss gläichzäiteg och d’Liewensëmfeld an d’Liewensqualitéit stëmmen. Mir wëllen oppe si fir Neies, mä virsiichteg a gewëss an d’Zukunft goen. Mir wëllen dat erhalen, wat erhalenswäert ass, an do dogéint sinn, wou d’Modernitéit an d’Neiheet ze vill ass! Mir mussen d’Géigewaart an där mir liewen, mat Réckbléck op d’Vergaangenheet a mat Wäitbléck fir d’Zukunft gestalten.

Eist Liewensëmfeld, souwuel fir eis Mënschen ewéi fir d’Déieren, fir d’Familljen an d’Kanner, muss dowéinst erhale, geschützt a gefleegt ginn. Fir de Mënsch muss d’Mobilitéit der Realitéit Rechnung droen. Do wou Mënsche liewen, do ass vill Beweegung an Aktivitéit. Lëtzebuerg huet vill Chancë verpasst, fir d’Land an d’Leit op de wirtschaftleche Wuësstem ze preparéieren. Eng kleng Natioun wéi eis mat begrenzter Fläch, an där honnertdausend Mënsche liewen, an all Dag Dausenden, hei an d’Land pendelen, wou d’Natur Stéck fir Stéck weecht a verschwënnt, an d’Land ëmmer méi zersidelt an zerbaut gëtt, wou d’Globaliséierung op alles a Jiddereen awierkt, wou d’Land sech mol, a luesen, mol a séieren Etappen, oder muenchmol a ganz radikaler Gangart verännert, wou d’Fro sech stellt, wéi gesond ass dës Entwécklung? Wéi fräi ass de Mënsch nach? Wéi steet et mat der Liewensqualitéit? A wou ass d’Plaz vu Mënsch an Déier an all dem?