Lëtzebuerg an der Welt

D’Schengenofkommes, dat initial an d’Joer 1985 zeréck datéiert, huet als international Konventioun, der Europäescher Unioun en institutionellen a rechtlechen Kader iwwert d’allgemeng Reesfräiheet vu Persounen an der EU ginn, a sech domat zum Zil gesat, d’Grenzkontrollen op de Bannegrenze vun de Schengennatiounen ofzeschafen. Op der Récksäit vun der Medaille, prangert awer virun allem d’Fro vun der Sécherheet. Lëtzebuerg brauch en


aktiven, effektiven a konsequente Rechtsstaat mat enger top Sécherheetsstrategie, fir Schutz a Sécherheet op Maximumlevel. Dëst ass wichteg fir déi national Sécherheetsgrondlag, d’Verdeedegung vun eiser demokratesch Gronduerdnung, an als Garant vu Fridden a Fräiheet, souwuel banne, wéi baussen, well: d’Bannen- an d’Baussepolitik sinn ontrennbar un d’Sécherheet gekoppelt.


Schonns an eisem Grondsazprogramm steet: Déi Konservativ sti fir e Staat deen d’Urkompetenz vun der Sécherheet géint in- an auslännesch Geforen a Konflikter, Verbrieche, Gewalt an Extremismus grouss schreift. Nëmmen esou, kann de Fridden an der Bevëlkerung, d’Stabilitéit an d’Uerdnung garantéiert bleiwen. Dëst ass d’Aufgab vun engem gutt a professionell organiséiertem Staatsschutz aus Arméi, Police, Justiz, Geheimdéngscht, Douane, souwéi dem Matwierke vu Rettungsdéngschter, lokale Gemengebeamten, Securitéiten, an aneren Instanzen am Déngscht fir d’Sécherheet.

D’Sécherheetslag vum Land ass net roseg: Lëtzebuerg schreift Rekordkriminalitéit. De Problem: de Staat kapituléiert, an d’Sécherheet vun eise Bierger steet op Glatäis. Déi lescht Kriminalitéitsstatistike schwätze Bänn – op der Dagesuerdnung sti virop Eegentumsdelikter, Strofdote géint Persounen, Abréch, Déifstall, Drogenhandel, mä och mëttlerweil ganz alarméierend Verbriechen, ewéi arméiert Iwwerfäll, Muerd a Vergewaltegungen. Dat sinn alles keng Kavaléiersdelikter an ongesond fir d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg. Aus der Kriminalitéitslag liest een eraus, datt d’Kriminalitéit sech engersäits inlännesch weist, mä anerersäits, d’Auslännerkriminalitéit, an den Import vu Kriminalitéit, eng grouss Problematik ass. Eise Staat muss méi staark, a méi wierhaft, fir seng Rechtsuerdnung an d’Gesetzgebung ginn. D’Politik huet punkto Sécherheet, nach eng ganz Rei Hausaufgaben ze maachen.


Als Partei si mir iwwerzeegt, datt den integrale Verloscht vun de Grenzkontrollen am Joer 1995, ee politesche Feeler gewiescht ass. Als logesch Konsequenz, goufen d’Dieren ze wäit opgemaach, zum Virdeel vu Jänni a Männi, a kromme Machenschaften an zum Nodeel vu Sécherheet, friddlecher Harmonie a Liewensqualitéit. D’Kriminalitéit mécht esou, keen Halt op der Grenz! Esou ass haut d’Fro no méi Grenzkontroll a méi Grenzschutz um Grenzgebitt, nees op der politescher Dagesuerdnung. Parallel zu oppene Grenzen, kommen eng ganz Rei Begleederschéngungen; auslännesch Konflikter, friem Problemer, de weltwäiten Terrorismus, Kulturkämpf, an allerlee Integratiounsgedesems.


Mir wëssen ëm d’Gronseile vun der EU, baséierend op de véier Fräiheete vum fräie Persoune-, Wueren-, Déngschtleeschtungs-, a Kapitalverkéier. A mir bekennen eis als Partei och zu der Charta vun de Vereente Natiounen an zum gëltege Vëlkerrecht. Et sinn dat wichteg Deeler vun internationaler Vëlkerfrëndschaft, Kooperatioun, an Zesummenaarbecht. Als Partei versti mir eis och, als klassesch liberal Partei mat sozialer Verantwortung – logescherweis mat dem Bekenntnes och, fir eng oppe Participatioun, um Welthandel, un Handelsverträg, an un den ekonomesche Mäert. D’Perspektiv vun der Handelspolitik muss awer ëmmer un de Lëtzebuerger Interessen orientéiert sinn.


Als Partei fuerdere mir och eng systematesch Reform a nei Léisunge fir d’Problemer an der EU – fir datt den europäesche Projet, eng Zukunft huet. Dat mécht eis zu echten Europäer mat Häerz fir d’europäesch Iddi. Fir e gutt Mateneen, muss awer d’Souveränitéit an de géigesäitege Respekt fir d’Memberlänner gëllen, an d’politesch Zentraliséierung souwéi d’Iddi vun ëmmer méi Europäismus, agestallt ginn. Esou hu mir eng ganz Rei Kritiken, a stellen eis eng ganz Rei politesch Froen, fir d’Zukunft vun Europa : Et geet ëm eng Aussepolitik am Respekt, an am Déngscht, fir eis Lëtzebuerger Interessen op internationalem Plang.


D’Beméiungen ëm eng respektéiert Aussendipomatie an ee gudden Ëmgangstoun, sinn eng wichteg Prioritéit, fir aussepolitesch Representativitéit als Land. Dësen diplomatesche Stil gouf an der Vergaangenheet, duerch schlecht Politmanéieren, vu rang-héije, Lëtzebuerger Politiker, mat Féiss getrëppelt. Dat gouf gewollt, oder ongewollt, zum aussepoliteschen Imageschued. Fir d’Aussepolitik ass d’politesch Honorabilitéit an d’politesch Staatsmännegkeet, de Schlëssel zum Erfolleg!