Kapitel X. , Gesellschaft a Familljewiesen

Déi Konservativ triede fir d’Famill als Gesellschaftswuerzel an. D’Definitioun vun enger Famill, ass an eisen Aen, d’fräi Gestaltung vun enger op Léift opgebauter Liewensgemeinschaft tëscht zwou erwuessene Persounen. D’Partei gesäit souwuel an der traditionell-klassescher Famill vu Mann a Fra als Idealbild, ewéi och am avantgardistesche Liewensmodell vun zwou Persoune vu selwechtem Geschlecht, d’Interesse vu konservativem Familljeliewen erfëllt. Déi Konservativ ënnerstëtzen d’Léift, d’Familljegrënnung an d’Liewe vu Familljewäerter, als eng urkonservativ Eegeschaft. Deemno, sti mir souwuel fir d’Unerkennung an d’Bestiednis vun hetero- an homosexuelle Mënschen, de Pacs an d’Bestiednis mat de gläiche Rechter, Flichten, a Besteierung.

D’Partei steet iwwerdeems och, fir politesch Familljenënnerstëtzung a fir de gläichberechtegten a fräie Choix vun der Kannererzéiung –am klassesche Modell vun der Kannererzéiung doheem, oder der Mathëllef vu privaten a staatleche Strukturen (d’Ophutt vu Staat oder Gemeng, Crèchen, Précocen, Dagesmammen). Mir wëllen de Fokus verstäerkt op de « Beruff » Mamm a Papp leeën, fir d’Kannererzéiung vum Eltrestot, mat engem ugeméissen Erzéiungsgeld (a mat Pensiounsurecht). Esou soll och, Kannerräichtem an d’Gebuerterat ënnerstëtzt ginn, fir de Fortbestand vun eiser Natioun. D’Politik muss iwwerdeems, eng Indexéierung vum Kannergeld un d’Lounentwécklung maachen. Fir Wittleit, Elengerzéiend, a Leit iwwer sechzeg Joer, soll d’Steierklass 1A ofgeschaaft ginn. Mir stinn och, fir den Eltrecongé vun zéng Deeg.

Déi Konservativ sti fir d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra mat Verweis op déi natierlech Ënnerscheeder tëscht de béide Geschlechter an den Erhalt vun deenen zwou Geschlechtsidentitéiten. Konsequent si mir also géint Positivdiskriminéierung an all senge Formen, duerch Quoteregelungen oder géint eng lénkspolitesch Agenda mat arbitrale Geschlechter oder anere Geschlechtsidentitéiten, wéi z.B déi drëtt Geschlechtsvariant « onspezifesch », déi an d’Zivilregëster agefouert gi soll. Am Kader vum Scheedungsrecht, muss d’Roll vum Mann opgewäert ginn.

D’Grondlag vun eise Kanner; d’Elterenerzéiung als Wäertekodex, an d’Schoulpädagogik als Wëssensvermëttlung – e Lien tëscht Elterenhaus a Schoul. Et ass d’Aufgab géintiwwer eise Kanner, si zu fräie, selbstbestëmmten, an demokratesche Bierger vun der Gesellschaft ze maachen. D’Kanner an d’Jugend solle gesellschaftlech Wäerter mat op de Wee huelen: Manéieren, Ethik, Moral, Respekt, Integritéit, Humanismus a Liewensoptimismus. Fir een erfollegräicht Liewe vun all eise Kanner an der Gesellschaft, ass d’Gemeinschaftsethik an d’Solidaritéit matenee wichteg. D’Wuel vun der Gesamtgesellschaft, läit awer och am Respekt fir d’Individualitéit vu Jidderengem. Eis Partei steet fir d’Bridderlechkeet a géint Diskriminéierung.

Eis Partei besteet fir d’Aféierung vun engem Insolvenzverwalter an Insolvenzzentralregëster an d’Gesetzgebung vum Insolvenzrecht. Betriber déi Konkurs umellen, sollen ënnert d’Opsiicht vun engem Insolvenzverwalter gestallt gi mat der Chance op eng ee-järeg Beweischance fir d’Bezuelfäegkeet. De Betrib verflicht sech, en héchstméigleche Prozentsatz u Nettoscholden, innerhalb vun engem Joer, zeréck ze bezuelen. Am Fall wou dës Oplag erfëllt gëtt, soll de Betrib fënnef Joer laang ënnert Opsiicht vum Insolvenzverwalter weider gefouert ginn. Huet de Betrieb 70% vu senge Nettoscholde regléiert, gëllt dësen als iwwerliewensfäeg an domat nees als konkursfräi. Am Fall wou dës Oplag net erfëllt gëtt, soll de Konkursverwalter, zesumme mam Betriebspersonal an der ADEM, iwwert d’Zukunftsperspektiven, d’Weiderbeschäftegung an d’Reintegratioun op den Aarbechtsmaart no der Insolvenz beroden. Et geet awer och net, ouni eng aktiv Politik géint d’Bedréierei an d’Trickserei.

Fir déi Konservativ ass ee sozialen, solidareschen a leeschtungsgerechte Steiersystem wichteg. Mir si fir eng sozialgerecht Steierpolitik a raisonnabelt Taxeverständnis, mat sou mann wéi méiglech Steiererhéijungen, beschtens kenge nei Steieren, dem Erhalt vun engem gesonde Statusquo, an am Fall vu gudder Wirtschafts- a Finanzlag vum Staat, Steierreduzéierunge. Mir si fir d’Ofschafung vun der Hondstax, Reewaassertax, d’Plusvalue op der Ierfschaftssteier (direkt Linn) a Krisesteier, géint eng Zockertax, fir d’Neiverhandlung vun den Dreckskëschttaxen, d’Réckgängegmaache vun der TVA-Erhéijung, a géint d’Erhéijung vu Gewerb- a Grondsteier fir d’Iwwerliewe vun eise lokale Butteker, Caféen, Zeitungskiosken, Foussgängerzonen, bref, alle Kleng- a Mëttelbetriber.

Och den Erhalt a Garant vum Pensiounssystem, éierbar Renten, souwéi d’Rentegerechtegkeet am privat- an ëffentleche Secteur, sinn d’Spigelbild am Respekt vun enger Gesellschaft mat Recht op gerechte Liewensverdéngscht. De Moment steet d’Fro vum Erhalt oder Zesummebroch vum Pensiounssystem am Raum an d’Iwwerliefbarkeet vum Sozialstaat a Fro. Eis Partei seet: Et duerfe keng Rentekierzungen a kee Renteklau um politesche Programm stoen. Mir fuerderen eng sozial gestaffelt Besteierung vun de Renten, a Steierfräiheet op bis zu 4000€ Rent. Am Fall wou e Partner ewech fällt, muss d’Pensioun weiderhin, 100% garantéiert bleiwen an ouni Reklasséierung. Allgemeng muss de Finanzéierungsmodell, deen u Populatiounswuesstem an Immigratioun gekoppelt ass reorientéiert ginn.

Déi Konservativ maache Politik mat sozialem Häerz, an triede fir den Erhalt an d‘Ëmsetzung vum Sozialsystem, dem Sozialversécherungssystem a fir d’sozial Solidaritéit an. De Prinzip vun der Solidaritéit gëllt besonnesch an der Hëllef, Begleedung a Berodung fir de Mëttelstand an d’Klengbiergertum, souwéi déi sozial schwaach Mënschen, déi mat oder ouni Grond, zum Sozialfall ginn oder d’Chance am ekonomesche Konkurrenz- a Wettbewerb verpassen. Gläichzäiteg, kämpfe mir géint de Mëssbrauch vum Sozialsystem duerch schwaarz Schof oder duerch d’Migratioun an d’Sozialsystemer. D’Partei steet fir de System vum Index, d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun, e fairen a liewensgerechte Mindestloun a Chômage an e streng kontrolléierte Revis (RMG) als Solidaritéitsfong. Als Garant vum System, steet d’Partei fir eng gerecht Sozialschéier, déi den Ënnerscheed tëscht Schaffen, net schaffen a Refus, kloer regelt – dofir brauch et een aktive Kampf géint RMG-Sozialtourismus. Mir fuerderen iwwerdeems, d’Erhéijung vum Mindestloun ëm 9% an d’Aféierung vun Zäitspuerpläng fir de Staats- a Privatsektor. Mir stinn och fir d’Ofschafe vun der « 80/80/90-Paieregelung » beim Staat a géint d’Internationaliséierung vum ëffentlechen Déngscht, dat heescht, fir den Erhalt vu Sprooch a Nationalitéit als wichteg Konditioun. Als sozial Partei si mir géint sozial Ausbeutung, dat heescht, e.a géint eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce. Am Zësummenhang mat de biergerleche Fräiheeten, steet och d’Recht an de Schutz fir Kapital an Eegentum, esou muss de Schutz vun der Proprietéit, dem Eegentum an Eegekapital geséchert bleiwen, a Jiddereen d’Recht op finanziellen, a materielle Besëtz hunn. Et ergëtt sech d’Grondrecht op Aarbecht.

Aner sozial Politikinitiativen: d’Beendege vum Mëssbrauch vun CDD-Kontrakter an der Beruffswelt. Mir fuerderen iwwerdeems och d’Aféierung vun enger staatlecher a sozialer Vollekskichen a Sozialbuttéken, an Zesummenaarbecht mat Hëllefswierker an Asbl’en, wéi z.B d’Stëmm vun der Strooss, de Street Angels an aneren, a Solidaritéit mat der äermster Gesellschaft am Land. Och sti mir fir d’Aféierung vum « Tiers payant », e Prinzip, dee souwuel fir Dokter ewéi Patient, manner Bürokratie an eng entscheedend Verwaltungssimplifikatioun ass, a fir de Prinzip vun der « 78-Woche Regel » am Krankheetsfall. Och setze mir eis fir den Erhalt vun de « Cours-Sortien » an der Fleegeversécherung an. Eis Partei steet zum Prinzip vum Grondrecht op proppert Waasser. Mir si fir ee sozial-gestaffelte Waasserpräis mat Aféierung vun engem eenheetleche, gratis Waassersockel op Gemengeniveau.