Kapitel VIIII. | Schoulpolitik

Als Partei sti mir fir eng fundamental Schoulreform. D’Schoul ass d’Grondlag fir all Beruffsausbildung a Start an d’Beruffswelt – eng Chance op déi eege Liewensverwierklechung. D’Léierkultur an d’Schoulpädagogik musse nees zeréck op d’Piliere vu Fachwëssen a Leeschtungsprinzip. Och d’politesch Neutralitéit vun de Schoulen, muss garantéiert sinn. Leider hu vill schoulesch Experimenter, schlecht Reformen, an dat ganzt Schoulgedesems am Schoulministär, fir eng ganz Rei verbauten Zukunftsdreem a Beruffschancen vun eise Schüler gesuergt – d’Schold läit bei der verantwortlecher Politik, déi eng Sabotage um Schoulwiese bedriwwen, an eng Schoul vum Wëssens- a Wäerteverfall an d’Liewe geruff huet.

  •  E Schoulsystem mat Niveau a Qualitéit fir Primärschoul, Lycée an Universitéit: De Bildungsoptrag läit an der Vermëttlung vu Wësse, Kënnen, a Wäerter. Mir fuerderen d’Enn vum kompetenz-orientéierten Unterrecht, dem jëtzege Bewäertungssystem, de Smileyen op der Zensur, de neie Schoulzyklen, ideologesche Projeten an anere Grujelzechkeeten. Och d’Behiewe vum Enseignantsmangel ass eng Prioritéit: eng aktiv Sich a Rekrutéierung vu kompetentem Léierpersonal an Erhalt vum traditionellen Enseignantsberuff.

  • Mir triede fir Bildungsgerechtegkeet a géint Gläichmaacherei an – an dat as och de Schlëssel zum Erfolleg! D’Bildungswonner Finnland beweist: D’Land steet, geméis den OECD-Pisastudien, regelméisseg op Plaz 1 vum Podium. Mir wëllen eng lescht, mä effikass Reform a Richtung vun dësem Schoulmodell. De Bildungserfolleg erkläert sech un dräi Fakten:

  • Bildungsgläichheet, dat heescht, eng allgemeng Bildung fir Jiddereen an zousätzlech Fërderbildung fir Léierschwieregkeeten. De Schoulsystem interesséiert sech fir de Mënsch am Schüler – nieft der akademescher Leeschtung, zielt d’Individualitéit an d’Personalitéit. De soziale Background entscheet net iwwert d’Bildungschancen. De Staat setzt op gratis Léiermëttelfräiheet. Mir maachen éischt Schrëtt a soen: gratis Schoulmaterial, gratis Participatioun bei alle Schoulaktivitéiten (inklusiv d’Schnéiklassen), d’Ofschafe vun de Studiegebühren (an ouni Urecht fir Frontalieren) souwéi Schluss mat de Kierzunge vun de Studiegelder.

  • D’Kommunikatioun, den Austausch an d’Zesummenaarbecht vum Léierpersonal mateneen, zielen als wichteg Viraussetzung fir d’Schafe vun engem qualitativem a professionellem Unterrecht. E genre, wéi een an der Pilotesprooch soe géing,  vu Crew Ressource Management fir d’Schoul.

  • Wéineg Hausaufgaben nieft der Léierkultur an de Fokus op méi Spaass, virun allem fir Frënn a Fräizäitaktivitéit. Fir de Schüler gëtt et eng Ëmorganiséierung vun der Vakanzenzäit: Esou gëtt aus 1 Woch vun der Summervakanz, 1 Woch fir d’Päischtvakanz. Mir sinn och fir den Erhalt vum schoulfräien Dag fir d’Sprangprëssessioun.

  • Als Uschloss un d’Enn vum schoulesche Werdegang, soll en obligatorescht Militär- oder Zivildéngschtjoer, d’erwuesse Jugend, op d’Beruffswelt virbereeden. Et soll iwwerdeems mat enger Jorespai entlount, an als Pensiounsjoer ugerechent ginn. Esou kritt d’Jugend, e bessere Fouss an d’Beruffswelt a mécht och per se gutt um Curriculum Vitae.