Kapitel VIII. | Fräiheet & Demokratie

Eis Partei steet fir méi direkt Demokratie a Volleksreferenden. Ganz nom Virbild vun der Schwäizer Demokratie, wëlle mir de Vollekssouverän ëm d’Meenung froen, a méi an d’politesch, an d’gesellschaftlech Entscheedungsprozesser vum Land mat agebonne verstoen. Virun allem a wichtege Froen soll d’Parlament d’Consultatioun per Referendum aleeden. D’Resultat vum Referendum muss ëmmer decisiv an obligatorescher Natur sinn, an d’Entscheedung vum Bierger respektéiert ginn. Bei esou Volleksentscheeder, muss d’Compagne equilibréiert a fair sinn, dat heescht, datt d’Representativitéit vun alle politesch Lageren ginn a garantéiert ass. De Referendum vun 2015 muss elo strikt respektéiert ginn (80% mat Nee zum Auslännerwahlrecht, Beschränkung vu Mandatsperiod, a Wahlrecht mat 16). Mir fuerderen och, datt den initial geplangte Referendum iwwert d’Verfassungsreform kënnt.

  • Prinzipie mat Verfassungsrang – d’Aféierung vum Streik als biergerlech Ausdrocksform vu politeschem Protest an Oppositioun, den Déiereschutz,  d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Gläichstellung vun de Lëtzebuerger Fändelen ‘Roude Léif’ an ‘Tricolore’ gehéieren endlech, verfassungsrechtlech verankert. Dëst alles kéint, am Kader vun der Verfassungsreform, a Realitéit ëmgesat ginn. Och schrëftlechen oder elektronesche Petitiounen a Manifestatiounen, muss d’Nationalpolitik méi politeschen Intérêt weisen.

  • D’Kopplung vu Mandat a Kandidatur. D’Recht op e politescht Mandat (Chamber, Regierung, Staatsrot) soll un d’Kandidatur bei politesche Wahle gekoppelt sinn. Wie ni eng politesch Legitimitéit krut, duerf z.B net an d’Ministeramt beruff ginn. En aktuelle Fall weist: z.B gouf d’Amt vum Finanzminister vun engem net gewielten, a kandidatur-fräie Politiker bekleet.

  • Eng Reform vum Wahlgesetz betreffend der Schaafung vun engem landeswäite Wahlbezierk. Heimat ass d’Parlament politesch korrekt representéiert, an d’Bierger hunn d’Recht op eng Wiel vun hire 60 Lëtzebuerger Deputéiert aus dem ganze Land. Mam neie System wëlle mir eng Gerechtegkeet tëscht de Wahlbezierker an d’Weeër leeden – de Moment sinn z.B d’Bezierker Norden an Osten politesch benodeelegt. Och gëtt domat eng ondemokratesch Beschränkung vun eisem fräie Wahlrecht opgehuewen. Iwwerdeems ass d’Verkierzung vun der Legislaturperiod op 4 Joer fir d’Parlamentswahlen, a fënnef Joer fir d’Gemengerotswahlen, eng méi demokratesch an zäitgerecht Moossnam – 3 Joer Parlamentslegislatur war z.B de Prinzip bis d’Joer 1954 (mat Ausnahm vun de Krichsjoren). Mat eis gëtt ee Retuer zur klassescher Bréifwahl op de Stand an d’Konditiounen, ewéi virun der Gambiareform.

  • Keng Diskriminéierung vu Klengparteien, Schluss elo! Mat Respekt fir d’Presse- a Mediefräiheet, déi mir als Grondrecht vun eiser Verfassung uechten a verdeedegen, fuerdere mir awer och fir all offiziell politesch Partei am Staat, dat selwecht politescht Recht op Representativitéit an op eng vollwäerteg Meenungsfräiheet, z.B fir d’Invitatioun op politesch Ronndëschgespréicher, als Invité an de Studioen vu Radio an Televisioun, oder als demokratesch Optioun a politesche Sondagen. Just esou, bleift de politesche Meenungspluralismus am Land gewort. Mir fuerderen, aus Neutralitéits- an Objektivitéitsgrënn, datt keng Konzessiounsvertreeg tëscht Staat an den Zeitungen a Medienorganer vereenbart ginn, an d’Aflossnam vu politesche Parteien, limitéiert gëtt.

  • Eleng d’Subventionnéierungsklausel an d’indirekt Sperrklausel bei der Wahl duerch d’Hondt-Verfahren, si fir d’Klengparteien, ewell genuch politesch Hürden.

  • D’politesch Paien vun alle gewielte Volleksvertrieder, duerchd’Chamberfinanzen, souwéi d’Jetonen an d’Subside fir d’Präsenz an delegéierte Gremien, Chamberkommissiounen oder um Niveau vum Schäffen- a Gemengeconseil, awer och de Finanzement vu politesche Parteien, mussen oppen aliesbar, a consultéierbar sinn – och um Chamber-Site. Eng Transparenz vun de politesche Paien, an de Suivi vum Steiergeld an dat politescht Finanzement ass e Muss, fir d’Volleksvertrauen an d’Politik.

  • Eng aner fräiheetspolitesch Mesure ass de fräie Choix. Esou ass eis Partei géint d’Fëmmgesetz, wat an eisen Aen, eng Zwouklassegesellschaft agefouert huet, an d’Caféskultur kapott gemaach huet. Eis Partei géif dëst Diktat, am Respekt fir d’Individualitéit an d’Gemeinschaftswiesen, annuléieren a réckgängeg maachen. Fir e gutt Zesummeliewen vun der Gesellschaft gehéiert dës Diskriminéierung am Perséinlechkeetsrecht aus der Welt geschaaft. D’Fëmmgesetz soll op fräier Basis vum Wiert, senger Entscheedung a sengem Commerce stoen. Och eng Ausdehnung vum Fëmmgesëtz ënner fräiem Himmel, kënnt mat eis net an Tut. Als alternative Kompromëss steet d’Erweiderung vu subventionnéierte Fëmmespacen. Als nei Alternativ fir d’Arzneimëttelwelt, fuerdere mir iwwerdeems, nieft enger wëssenschaftlecher Pharmafuerschung, och d’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis an de Cannabinoïden op Basis vum Naturprodukt.