Kapitel VII. | Déiereschutz & Ëmwelt

Déi Konservativ triede fir e staarken Déiereschutz an, an domat fir e wierdvollen Ëmgang, mat Léift, a Matgefill fir d’Déierewelt. Deemno fuerdere mir d’Aféierung vun enger Déiereschutzkommissioun am Parlament, d’Verankerung vum Déiereschutz an der Verfassung, souwéi ee strengt a konsequent Déiereschutzgesetz, wat Verstéiss géint d’Wierd an d’Ethik vum Liewewiesen, souwéi d’Déierequälerei ënner streng juristesch Strof stellt. Dozou zielt och, e strikt Verbuet vu sënnlosen Experimenter un de Liewewiesen. Fir d’Erfuerschung vu Medikamenter an d’Teste vu Kosmetika soll Keen als Versuchskannéngchen déngen, mä no aneren Alternative gesicht ginn. D’Informatioun an d’Kennzeechnung vun Textilien op Basis vun echtem Pelz muss entspriechend Visibilitéit kréien.

Konsequent soll och de Mëssstänn an der Landwirtschaft entgéint gewierkt ginn. Hei militéiere mir fir eng Aschränkung vun der Massendéierenzuucht an Haltung, souwéi eng obligatoresch Kennzeechnung, géint den Asaz vun Antibiotika, souwéi fir e rechtskonforme Kader fir d’Haltung, den Transport an d’Schluechte vun Déieren. D’Mëtteleuropäesch Standarten, setzen eng Schluechtung mat Betäubung an ouni Leed viraus, esou dierf, keng Récksiicht a keng Ausnahm fir Déierequälerei aus reliéise Grënn bestoen.

Als Garant vun der eenheemescher Aartevillfalt, fir de Schutz vu bedreeten Déierenaarten, an d’Protektioun vum natierlechen an aartgerechte Liewensraum, sti mir, aus Déiereschutzaspekter, fir e Verbuet vu Privathaltung vun exoteschen Déieren, oder geféierlecher a gëfteger Spezies. Dës Déiere solle net zu enger Belustegung oder Alldagsspillsaach vun eis Mënsche ginn. Och d’Präventioun vu Krankheeten, Aartebedroung, oder engem onnatierleche Mentalitéitswiessel, soll esou, entgéint gewierkt ginn. Och déi wëssenschaftlech Iwwerwaachung vun de Bestänn an de Fiicht- an Drëschebiotopen an d’Fërderung vun Aarteschutzprojeten zielt zum Moosnamekatalog.

Mir fuerderen och e Verbuet vum Wanderzirkus am Land, wou Déieren d’Affer vu mënschlecher Willkür sinn, a wou regelméisseg, géint eng aartgerecht Haltung verstouss gëtt. Géigendeeleg si mir der Meenung, datt Zoo’en mat aartgerechter Haltung, Ëmfeld a Bedéngungen, souwéi engem professionellen Ëmgang, weiderhin Erlaabnis an Existenzberechtegung sollen hunn – dëst ka fir Kanner a Schüler, eng léierräich Bildung iwwert d’Déierewelt mat sech bréngen, an d’Entwécklung vun engem déierefrëndleche Geescht a Grondverständnis.

Mir fuerderen d’Aféierung vun engem Hondsführerschäin oder enger Hondslizenz fir gewëssen Hondsrassen. Dëst läit am Interessi vu Meeschter, Déier, a Gesellschaft, a schaaft e Bewosstsinn fir d’Sécherheet, d’Ëmgangskultur an de Respekt zum Mupp. Keng Rass ass per se, als béis Aart veruechtenswäert; oft läit de Schlëssel an der richteger Aart a Weis vun Haltung an Erzéiung. Och d’Bedeelegung an d’Efforte vun de Gemengen fir méi Hondsfrëndlechkeet ass gefrot. Esou sti mir fir d’Ofschaafung vun der Hondstax an d’Installatioun vun Hondwisen an Hondstoiletten.

Mat all dëse Punkten am Interessi vum Déiereschutz, gëllt awer och, de Respekt fir d’Juegdwiesen an d’Juegdfräiheet, ënner Regelen a Normen, fir d’Erhalung an d’Reguléierung an der Missioun vun engem gesonde Wild-Wald-Bestand vun der Forstwirtschaft.

Enk verbonne mam Déiereräich, ass och d’Natur. Esou ass den Erhalt vu enger intakter Ëmwelt, d’ierdesch Préservatioun, den Erhalt vu Gréngzonen a natierleche Ressourcen, d’Protektioun vu Flora a Fauna an d’Aarteräichtem vun eise Wisen, d’Regeneréierung vun der Ëmwelt, d’Propretéit vun eise Flëss, eng generell Récksiicht op d’Biodiversitéit an en aktiven Asaz fir eng propper Ekologie vu wesentlecher Bedeitung.

Eng nohalteg Ëmweltpolitik heescht och, d’Wäertschätzung fir den allëmfassenden Agrarsecteur, d’Bauerebetriber, d’Land- an d’Forstwirtschaft, d’Véi- an d’Fëschzuucht, de Wäibau, d’Imkerei, den Uebst- a Gaardebau. Mir triede fir een agrarreformeresche Moossnamekatalog an, ganz am Sënn, fir d’Stäerkung vun der nationaler Agrar- a Landwirtschaftspolitik als vollekswirtschaftleche Secteur. Den Erhalt an d’Fërderung vun eisen traditionellen a nationalen Interessen an der Agrar- a Landwirtschaft ass wichteg – dofir sti mir fir e nohaltegt, qualitatiivt, produktiivt, gesond a verbraucherfrëndlecht Endresultat. Mir si géint wëll Globaliséierung a géint ze vill Bürokratie, deen d‘Liewensfäegkeet, an déi fräi a leeschtungsfäeg Kaderbedéngungen, souwéi den effizienten Asaz vun de Produktiounsmëttel vun eise landwirtschaftleche Familljebetriber schued. Och den Import vu geféierlechen, ëmweltschiedlechen (z.B Glyphosat, Insektiziden), kënschtlech ongewëssen, a genmanipuléierte Produkter aus der Gentechnik, leene mir strikt of, a sti fir déi gesond, biodivers Nährmëttelerzeugung, de Pflanzenubau, an eng aartgerecht Haltung vu Notzdéieren. Mir fuerderen eng staark Investitioun fir déi  lokal a  regional Ubau- an Erzeugungskultur, souwéi eng Direktvermaartung fir ee virbildlechen, lëtzebuergesche Giddersiggel. Och d’Schafung vu sozialer Sécherheet, souwéi ee soziaalt, landwirtschaftlecht Akommes a Produktpräisser, wëlle mir an d’Weeër leeden.