Kapitel VI. | Transport a Populatiounswuësstem

E futuristescht Transportkonzept – de Monorail. Et ass en Deel vun der innovativer Léisung vum Verkéiersproblem, en Deel vun der multimodaler Mobilitéit, an e Verkéierskonzept vu nationaler Mobilitéitsfreed. De Monorail reit sech an d’Rei vum bestoende, klasseschen Transport vu Bus, Zuch, Tram, Auto a Vëlo an. Et ass eng ideal Vernetzung mam traditionellen Transport, an, de mobille Wee duerch d’Luucht.  Sënn an Zweck ass eng Entlaaschtung vun eisen Autobunnen, dem dagdeeglechen Trafic, souwéi den extreme Stausituatiounen. En ass d’Alternativ fir méi Attraktivitéit am ëffentlech Transport– e moderne Moyen fir d’Lëtzebuerger, awer och fir 180.000 Frontalier’en aus dem Grenzgebitt a Richtung Schaff am Grand-Duché. Fir dëse Projet läit eng Etude fir Lëtzebuerg vum GermanRail Group an Zesummenaarbecht mam Privatpromoteur vir.

Eis Partei setzt sech, als eenzeg politesch Partei, decidéiert fir de Projet Monorail a seng reell Ëmsetzung an.

D’Virdeeler vum Monorail;

Punkto Sécherheet ass et, eng séier, automatiséiert an iwwerwaachten Transportméiglechkeet ouni Risk fir Entgleisung, Accidenter, Frontalkollisioun oder Behënnerung am Verkéier.

Punkto Ëmwelt ass et, eng ekologesch Transportméiglechkeet mat Energieeffizienz, mat Senkung vun den CO2 Emissiounen, op Basis vun erneierbarer Energie, gerénger akustescher Pollutioun an Ëmweltzerstéierung.

Punkto ekonomesche Facteuren, entfalen d’Grondstécksacquisitiounen, et gi keng Enteegnungen, alles adaptéiert un d’Topographie, geréng Betribskäschten a séier Rentabilitéit, mat positivem Effekt op d’Wirtschaft, Aarbecht an Tourismus.

Den Ausbau op d’Méispueregkeet vun eisen Autobunnen, zesumme mam parallelle Bau vu méi Parkraum am Land, ass eng aner, wichteg Prioritéit. Eis Partei trëtt och fir e gratis ëffentlechen Transport an, wou e.a d’Sécherheet duerch eng Kontrollerschaft mat neiem Formatiouns- an Aufgabeberäich bei vollem Lounausgläich, verstäerkt am Mëttelpunkt steet. D’Koordinatioun vun der Mobilitéit säitens de Gemengen, mam Staat an de Syndicaten ass eng aner wichteg Moossnam. Och d’Moderniséierung vun de Bus- an Zucharrêten mat elektronesche Schalttafelen an aktualiséierte Fuerpläng, souwéi d’Ubannung u benodeelegt Lokalitéiten, Regiounen oder Plaze, gëtt der Mobilitéit zäitgeméiss gerecht a suergt fir méi Beweegungsfräiheet.

D’Brems am Populatiounswuësstem ass erkläerten Zil vun eiser Partei. Mir leenen déi deklaréiert Iddi vum 1.000.000 – Awunnerstaat Lëtzebuerg of, a mir si géint déi Iwwerbevëlkerungspolitik déi de Liewensraum vum Mënsch an Déier nohalteg zerstéiert – géint d’Philosophie vun enger Landesplanung an Urbanismuspolitik ouni Grenzen. D’Pläng fir d’Landesplanung, am Enjeu mat de de Kleng- a Mëttelentreprisen, muss dem Zil vun engem gesonde Wuesstem verschriwwe ginn. Mir sti fir eng seriéis a liewensqualitativ Planifikatioun vum Landesterritoire, a geméis den Analysen déi d’Kapassitéiten, d’Plaz, d’Ressourcen an d’Moyen’en, de Migratiounssaldo asw., a Consideratioun zéien. Ëmsou wichteg ass och, datt déi wëll Bebauungs- an an d’Zersidlungspolitik vun eisem Land gestoppt gëtt. Lëtzebuerg huet sech déi lescht Joren, demographesch a bevëlkerungsgeographesch, extrem séier a radikal verännert; dëst bedéngt eng Kontroll iwwert de Wuesstemsmodell an d’Wuesstemspotenz vu Staat a Gemengen.

Och d’Géigephänomen vun der Emigratioun vun eise Landsleit an d’Ausland, ass e reelle Problem – hei muss sech aktiv géint d’Exilatiounspolitik engagéiert ginn. Esou

dréit d’Politik mat Bléck op e Mangel u Wunnengsmaart an Aarbechtsnout, eng politesch Schold fir d’gezwongen Auswanderung vu Lëtzebuerger an d’Ausland, an och der Delokalisatioun vu ville Betriber an d’Friemt.

Eis Partei fuerdert eng nei Baukultur mat sozialem Häerz: Déi wichtegst Moossnam, läit am Bau vu staatleche Miet- a Sozialwunnengen a soziale Präislagen. Doriwwer eraus, brauch et eng Reform vun der Grondsteier (déi aus der NS-Besatzungszäit 1941 staamt), d’Befreiung vu Famillje mat Kanner vun der Grondsteier, d’Eegentumsurecht am Ierfpachtvertrag (bail emphythéotique), eng Fräigrenz fir de Privaterwerb vu Wunneegentum, d’Fërderung vu betreitem Wunnen a Wunngemeinschaften, méi sozialstaatlech Hëllefen, Vergënschtegungen fir éischt Acqusitiounen, eng Simplifikatioun vu Baurecht a Bürokratie, souwéi eng aktiv Roll vu Staat a Gemengen an Zesummenaarbecht mam Fonds de Logement, dem SNHBM an dem Office Sociale. Desweideren ni ouni nohalteg Prinzipien an der Bau- a Wunnengsmaartpolitik: allgemeng muss vun Initiativ sinn; Banneverdichtung, Baulückeprogramm, Notzung vu Baulandreserven, Erweiderung vum, an Acceleréierung am Bauperimeter, souwéi de Kampf géint d’Bauterrainspekulatioun an eidel Wunnengen.