Kapitel V. | Aussepolitik & National Souveränitéit

D’bannescht Sécherheet, mä och d’national Souveränitéit sinn d’Rechtfertegung fir d’Aféierung vu regelméissegen, zäitbedéngten, a punktuelle Grenzkontrollen. Dës mussen an engem aktive Grenzschutz nees gewäerleescht ginn, an d’politesch Neiverhandlung vum Schengenofkommes lancéiert ginn. Als Partei stelle mir gären de Schutz an d’Verdeedegung vun eise Baussegrenzen nees an enger souveräner Form hir, an zéien d’Linn vun eise Landesgrenzen. Grenzkontrolle sinn eng nationalpolitesch Entscheedung, an domat d’Aufgab, d’Responsabilitéit, an d’Kompetenz vu Lëtzebuerg. E Land ouni Kontroll iwwert seng Grenzen, ass kee souveränt Land.

Als europafrëndlech an eurorealistesch, mä EU-kritesch an EU-skeptesch Partei, triede mir fir de Modell vum Europa vun de Natiounen an. Mir stellen d’Memberschaft als Land an der EU, NATO, OSZE an Eurozon net a Fro, a leenen dowéinst, och d’Beendege vun der laangjäreger Memberschaft, oder een Austrëtt op fräiwëlleger Basis of. Trotz dësem Bekenntnes, si mir net méi averstane mat der jëtzeger EU op hirem politeschen a wirtschaftleche Wee.

Eng politesch Neiorientéierung muss duerch eng integral a systematesch EU-Reform an d’Neiuerdnung vun der Eurozon an d’Weeër geleet ginn. Et duerf keng weider Vertragsbréch vum Europarecht an Zukunft méi ginn an de wirtschaftleche Kärgedanke vun der EU muss nees am Mëttelpunkt stoen. Ënnert anerem no Benelux, huet sech Europa endgëlteg vum initiale Wee getrennt. Mir wëllen net méi Europa, mä manner Europa, a méi Lëtzebuerg.

D’Memberschaft an der EU heescht fir eis, datt Prinzipie wéi d’No-Bailout-Klausel, déi d’Haftung vun der EU souwéi d’Verbëndlechkeete vun alle Membersstaaten fir eenzel Membersstaaten ausschléisst, nees geltend a respektéiert EU-Recht no Artikel 125 vum AEU-Vertrag ass. Dëst gëllt och fir d’Regel: Kee Land mat méi wéi 60% Staatsschold vum Bruttoinlandsprodukt (BIP). Mir triede fir de Leetprinzip vun der Subsidiaritéit an, deen d’Haftung an d’Matverschëldung vu Lëtzebuerg fir aner Länner, ausschléisst.

Eis Partei fuerdert datt een direkte Récktransfer vu wichtege, nationale Kompetenzen an d’Nationalstaate ageleet gëtt. Eist Kärverständnis vun Europa: Eng international Instanz fir d’Léisung vun internationalen an europäesche Problemer op gemeinsamer Basis an als Instrument fir d’Vernetzung tëscht de Länner bei essentielle politeschen Sujeten.

Et brauch Verhandlungen fir eng nei europäesch Verfassung déi dréngend a Kraaft triede muss. De politeschen Ëmbau vun der Europäescher Unioun, hin zum Modell Europa vun de Natiounen, geet parallel mam Ausschaffe vun engem neie vëlkerrechtleche Vertrag. De Referendumsnee vu Memberstaaten am Kontext vun der geplangter Verfassung fir Europa (2005) gouf net respektéiert, an d’Bréissler Diktatslinn, quasi identesch, ënnert engem aner Vertragsnumm, dem haut gëltege Lissabonvertrag, ondemokratesch ratifizéiert. Och Lëtzebuerg huet als Reaktioun op d’politesch Erpressung an d’Megacompagne fir d’EU, mat grad emol 56,5% de Vertrag gezwonge gutt geheescht.

Prinzipielle Stopp fir d’EU-Erweiderung, virun allem keng a Richtung Oststaaten. Och e strikte Nee fir de Bäitrëtt vun der Tierkei an d’EU an d’entspriechend Bäitrëttsverhandlungen op Äis leeën.

Eng Neiuerdnung vun der Eurozon, wou den temporären oder dauerhaften Ausschloss vu failliten, oder héich verschëlte Staaten, ëmgesat gëtt (als bescht Beispill Griichenland) ass vu Noutwennegkeet. Dës Staate sollen den Euro als Gemeinschaftswährung opginn, an de Retuer zu de nationale Währungen an d’Weeër leeden. D’Eurozon soll opgebaut ginn nom Prinzip vu wirtschaftlech wettbewerbsfäegen a gesonden Ekonomieën. Lëtzebuerg soll zwar weiderhin um € festhalen, mä e nationale Noutfallplang ausschaffen, fir den Extremfall vum Eurokollaps, an domat fir eng potentiell Transitiounsphase an de Retuer zum Lëtzebuerger Frang.

D’Europäesch Zentralbank (EZB) an den internationale Währungsfong (IWF) sollen d’Boergeld als biergerlecht Fräiheetsrecht respektéieren an keng aktiv Politik fir d’Ofschafung vum liquide Boergeldverkéier duerch Elektroniséierung op all Niveau bedreiwen. Mir si géingt eng ultimativ Kontroll vu Staat a Banken iwwert eise Portmonni. Deemno, si mir decidéiert géint de Wee a Richtung Banken- an Transferunioun. Mir wëllen och keng international Schiidsgeriichter fir Vertragsstreidereien oder Schiidsgeriichtsbarkeeten bei Verhandlungen.

Als Partei wëlle mir eng solidaresch Entwécklungszesummenaarbecht mat Kontroll, Effizienz an Intelligenz – se muss den ekonomeschen Interesse vu Lëtzebuerg gerecht ginn, a Lëtzebuerg muss eng Kontroll an e Suivi iwwert säi Kooperatiounsbudget hunn. Och mussen d’Ausgabe vun der Immigratiounspolitik sech mat an dësem Gesamtbudget verrechnen. Déi finanziell Entwécklungshëllef duerf net als eenzeg Léisung zielen (kee finanzielle Kolonialismus oder kapitalistesch Ofhängegkeet), a se soll dem Mindest-Bruttonationalakommes vu 0,70 % entspriechen. Lëtzebuerg leescht mat ronn 1% wäit méi finanziell Entwécklungshëllef, ewéi virgeschriwwen, an ass Spëtzereider ënnert de Länner. Zuelen aus enger Erklärung vum Kooperatiounsminister vun Enn 2017 weisen: 17,7 Millioune fir Burkina Faso, 9,8 Millioune fir de Kap Verde, 16,2 Millioune fir de Mali, 21,7 Millioune fir de Niger, 18,1 Millioune fir de Senegal, 8,5 Millioune fir Nicaragua, 11,2 Millioune fir Laos. Dobäi koumen och nach 22,8 Millioune fir Afghanistan, El Salvador, d’Mongolei, Ruanda, Vietnam, Kosovo, Montenegro, Serbien an déi palestinensesch Gebidder.

Eis Partei wëllt de Fokus verstäerkt op eng Praxis um Terrain, also op eng materiell, politesch a sozial Kooperatiounspolitik leeën, fir dëse Länner d’Chance ze ginn op; Demokratiséierung, Selbsthëllef, Stäerkung vun de Mënscherechter, d’Schaafung vun engem wirtschaftlechen Ëmfeld an Ofbau vun der Scholdelaascht, medezinesch Gesondheetsversuergung, besser Bildung, sozial Déngschtleeschtung,

Fluchtursaachebekämpfung, de Kampf géint Schlepperbanden, Naturschutz a Landwirtschaft, Opbau vun Infrastruktur, technescher Hëllef a Berodung, asw.

D’Memberschaft an der NATO heescht fir eis, eng gemeinsam europäesch Verdeedegungspolitik mat Souveränitéitsrecht, wou mir d’Entscheedungsfräiheet afuerderen bei Froen an Decisiounen ëm d’Oprëschtung an d’finanziell, d’materiell oder d’militäresch Bedeelegung an auslännesche Konflikter, dat heescht, grondsätzlech, leene mir den Asaz vun eiser lëtzebuergescher Arméi fir friem Interessen a Krichsdreiwerei of. Als Partei setze mir op Verdeedegung amplaz op Ugrëff, an setze eis d’office mol fir politesch Diplomatie, eng staatsmännesch Aussepolitik, a fir de Respekt vum internationale Recht an. Mir veruerteelen all illegitim, a vëlkerrechtswiddreg militäresch Operatiounen, Manöveren, oder d’Netrespektéiere vum international-gëltege Recht.

Eis Partei setzt op international Vëlkerfrëndschaft a Partnerschaft, dat och am Hibléck op de Schutz vu Minoritéiten aus aller Welt, e Prinzip, mat dem d’Partei antrëtt fir d’Rechter vu reliéisen, etheschen a linguistesche Minderheeten. Eis Partei vetrëtt d’Philosophie, datt besonnesch de Kampf géint Antisemitismus zum Schutz vum jiddesche Vollek, d’Unerkennung an d’Existenzrecht vum Staat Israel, eng politesch Flicht am Numm vun eisem Land sinn. Mir wëllen als Land e Bäitrag zur Vëlkerverstännegung leeschten, an de Friddensprozess ënnerstëtzen. Hei läit ass besonnesch de Fortschrëtt an d’Beméiunge fir eng Zwoustaateléisung am Israel-Palestina-Konflikt um Häerz. Och d’aussepolitesch Relatioun mat Russland als eng alliéiert Partnernatioun, läit eis um Häerz. Mir fuerderen eng Aussepolitik mat Russland, amplaz géint Russland, a mat Diplomatie amplaz Sanktiounspolitik.