Kapitel IV. | Bannepolitik & Sécherheet

Am Zesummenhang mat der Kriminalitéit, gesi mir an alleréischter Linn, eng gestäerkte Police als wichtegste Garant vu Sécherheet, Disziplin, ëffentlecher Uerdnung a Respekt géintiwwer eise Gesetzer a Policereglementer. Eng Investitioun an d’Police, ass eng Investitioun an d’Sécherheet. Esou ass méi Policepräsenz um Terrain an d’Erweiderung vun der Peripherie, eng wichteg Moossnam, déi eis Partei an d’Weeër leede géing. Mir wëllen de Fokus verstäerkt op d’Schwéierkriminalitéit setzen. Fir dëser Aufgab gerecht ze ginn, muss d’Police engersäits entlaascht ginn, anerersäits souwuel personalméisseg, ewéi equipements- a waffentechnesch, eng Ausrëschtung op modernstem Niveau hunn (e.a, zielt hei de Standart vu Bodycam, Taser, Revolver, Knëppel, Pefferspray). Mir sinn iwwerdeems fir d’Legaliséierung vum Pefferspray als Moyen fir d’Selbstverdeedegung. An dësem Kontext géing, nieft der Policeschoul, och nees e Joer Militärflicht fir dëse Beruff zur Ausbildung zielen.

Well dësen éierbare Beruff ni ouni Geforequell fir Gesondheet a Liewen ass, soll alle Beamten, Zaldoten, Giischtercher, Agenten, souwéi allen éierenamtleche Leit, en Extra am Loun zoustoen. Et muss och ee visibelt Identifikatiounsmierkmol mat Numm a Nummer fir d’Beamten op der Uniform agefouert ginn. An eisen Aen ass eng aktiv Rekrutéierung an een Invest an d’Arméi, eng Erweiderung vum Militärpotential, am Interessi fir d’Verdeedegung, souwéi fir d’bannescht an baussecht Sécherheet.

D’Proximitéitskommissariater am Déngscht fir d’Bierger, mussen an alle Gemengen eng fest etabléiert Plaz hunn, a fir de Bierger zu jidder Zäit oppe sinn. Et muss a Matsprooch vun der Gemeng mam Staat, eng lokal a regelméisseg aktualiséiert Analys vun der lokaler Sécherheetslag an entspriechender Personalstäerkt gemaach ginn, souwéi fixéiert Ëffnungszäiten, um Gemengenterritoire bestoen.

De Beruff vum Gemengenagent soll eng reforméiert Formatioun / revaloriséiert Agenda kréien, nom Genre vum « Uerdnungsamt », fir d’Entlaaschtung vu Police, mat Aféierung vun engem Transportvehikel fir hire Service, mä ganz ouni judiciär Kompetenzerweiderungen. Och d’Mathëllef vu pädagogesche Streetworkeren a Quai 57 soll eng aktiv Jugendhëllef sinn, fir Präventiouns- a Resozialiséierungsaarbecht. Och méi Sécherheetspersonal am ëffentlechen Transport (Bus, Zuch, Tram, Fliger, a fir eis Iddi Monorail) muss verstäerkt a professionell geschoult, an den Asaz fir d’Sécherheet an d’Kontroll kommen.

D’Poursuite vu Kriminellen, muss duerch Kameraiwwerwaachung, Alarmanlagen, adequat Beliichtung, als supplementär Sécherheetsmëttel fir wichteg Plazen a Gebailechkeeten, souwéi fir d’Kriminalitéitsschwéierpunkten, a Consideratioun gezu ginn. Dës Informatiounsressource a Sécherheetsinitiativen sollen awer ni all aner sécherheetspolitesch Moossnamen vun éischter Prioritéit ersetzen. Och d’Ëffentlechkeetsfahndung per modern Software an digitale Programmer, souwéi d’Mathëllef duerch sozial Medien oder d’Iwwerwaachung am Kader vu kriminellen Aktivitéiten, muss e feste Bestanddeel vun der Policeaarbecht sinn – d’Digitaliséierung an den Internetworking a Saache Sécherheetspolitik, sinn hautdesdaags net méi ewech ze denken. Den allgéigewäertege Respekt zum Dateschutz an de Schutz vun der Privatsphär, muss dobäi, zu all Zäit, garantéiert sinn. Et erkläert sech, firwat mir dowéinst, géint d’Viratsdatespäicherung sinn.

Am Sënn vun enger wierksamer a professioneller Justiz: A Geriichtsprozesser, soll d’Ukloschrëft säitens dem Staat als éischt verlies ginn, éier d’Zivilpartieën, Ried an Äntwert stinn. Et gëtt just ee richtege Prinzip: Jiddereen ass soulaang onschëlleg, bis d’Schold bewisen ass. All Mënsch ass gläich viru Gesetz a Justiz. Et muss, ganz am Sënn vun eisem Rechtsstaat, e Verbuet vu Folterung an Douddesstrof an der Gesetzgebung bestoen. Aus juristescher Transparenz, mussen all strof- an zivilrechtlech Uerteeler mat anonymiséiertem Persouneschutz, verëffentlecht ginn an ëffentlech aliesbar sinn. Fir eis gëllt: Afferschutz virun Täterschutz: Am Sënn vum Afferschutz sollen d’Affer, iwwert d’Haftbedéngungen z.B enger fréizäiteger Entloossung oder Resozialiséierungsmoossnamen vum Täter aktuell informéiert sinn.

Mir brauchen e strengt Strofmooss fir Falschukloen oder virsätzlech Falschaussoen (z.B bei Scheedungsaffären, sexuellen Accusatiounen oder familiärer Gewalt), an a sou Fäll, sollen d’Prozesskäschten fir d’Géigepartei gesprach ginn. D’Affekots- an Gerichtskäschten (d’assistance judiciaire) solle, säitens dem Staat, gratis a séier fir Mindestlounbezéier assuréiert ginn. Den Dotbestand vun der « versichter Kierperverletzung » (net just virsätzlech Gefährdung) gehéiert och an eist Strofgesetzbuch.

D’Justiz duerf op kee Fall politiséiert ginn, oder e politesche Charakter unhuelen – eis Partei garantéiert d’Onofhängegkeet an d’Neutralitéit vun dësem wichtege Pouvoir am Staat. Deemno, si Politiker ausgeschloss fir eng Representativitéit a judiciäre Conseil’en. Et muss eng strikt Gewaltentrennung an eisem Rechtsstaat bestoen. Kee weidere Verloscht vu Liberalitéit fir eise Rechtsstaat: e.a duerch manner Fräiheete vum Bierger, de Réckschrëtt vu Biergerrechter am Kontext vum Terrorismus, kollektive Generalverdacht, d’Aschränkung vun der Meenungsfräiheet (garantéiert geméis Art 24. vun der Verfassung) oder politesche Maulkierf an Zensur (z.B Mëssbrauch vum Hatespeechparagraph).