Kapitel III. | Immigratioun & Asyl

Eis Partei fuerdert en Awanderungskontingent, deen d’Migratioun op Lëtzebuerg kloer regelt, d’Integratiounsfäegkeet respektéiert, an d’Lëtzebuerger als Majoritéitscommunautéit séchert. Esou gëtt an engems och, den Ënnerscheed tëscht dem Flüchtlingsstatut an dem Awanderungsstatut méi verständlech. Allgemeng heescht dat och, datt eng Verbesserung vun de migratiounspolitesche Prozeduren a méi eng ëmfangräich Kontroll an d’Weeër geleet gi muss.


Fir de Flüchtlingsstatut heescht dat: All Mënsch, dee geméis der Genfer Flüchtlingskonventioun als Konventiounsflüchtling zielt, dat heescht, wie wéinst senger Rass, Relioun, Nationalitéit, sengem politesche Weltbild, oder senger Zougehéieregkeet zu enger sozialer Grupp, diskriminéiert, verfollegt oder mam Doud bedréit ass. Et soll keng Flüchtlingsquot oder e Verdeelungsschlëssel, mä déi souverän Entscheedung vu Lëtzebuerg (a sengen autonome Gemenge) sinn, souwéi am Respekt zum Dublin Ofkommes, eng eegen definéiert Héchstgrenz fest ze leeën, d’Prioritéiten ze setzen, a fir d’Asyldemande zoustänneg ze sinn, esou och, a wéi engem Mooss, ausserhalb vun der Konventioun, aner Mënsche mat Fluchtgrënn wéi z.B Krich, Ëmweltkatastrophen, Wirtschaftssituatiounen akzeptéiert ginn. Fir dës genannten Ursaachen, gëtt et keng Asyllegitimitéit no gëltegem Recht. Hei soll am Virfeld mat den Ambassaden, eng Iwwerpréiwung vum Asylrecht an Identitéitsnoweis stattfannen, an d’éischt, d’Zouflucht an d’Hierkonftsregioun, also d’Sécher-Drëttstaateregelung, applizéiert ginn. Den Asylstatus fir Mënschen aus de Balkanstaaten ass opzehiewen – dës Mënsche si net méi per se, als Flüchtling ze consideréieren (mä als Migranten). All Mënsch mat unerkanntem Flüchtlingsstatut soll internationale Schutz garantéiert sinn. Kee Recht op Asyl, heescht och keng Arees- an Openthaltserlaabnis am Land, a keen Urecht op Sozialleeschtungen. An dësem ganze Kader muss och d’Argentur Frontex op den europäesche Grenzen, eng elementar a gestäerkte Roll an der Bekämpfung vun Asylillegalitéit, a géint d’Schlepperbandenindustrie zougewise ginn.


Asyl ass net direkt un d’Integratioun gekoppelt, wéi se fir d’legal Awanderung gëllt, well dëst, een zäitbedéngte Schutz mat Réckféierung an d’Heemechtsland ass, spéitstens dann, wann de Fluchtgrond entfält. Fir datt de System vum Asyl, éierlech, fair an zu 100%, de legale Flüchtlinge garantéiert bleift, muss eng méi restriktiv a konsequent Asylpolitik an d’Weeër geleet ginn, déi den Asylmëssbrauch, d’Asylillegalitéit an den Asyltourismus, ënnerbënnt a riguréis bekämpft. Dës Approche muss och verstäerkt fir Wirtschaftsflucht an ekonomesch Fluchtursaache gëllen. Wie während senger Asylprozedur kriminell gëtt oder illegalen Aktivitéite nogeet, muss mam direkten Entzuch an dem Verfall vun der Openthaltserlabnis zu Lëtzebuergrechnen. D’Problemer an d’Konsequenzen duerch eng ze liberal Immigratiounspolitik, d’Befierwuerdung vu Massenimmigratioun an den Import vu sozio-kulturelle Konflikter weisen, datt e neit politescht Asylverständnis wichteg ass.


Fir de Migrantestatut heescht dat: All Mënsch, deen eng legal Awanderung op Lëtzebuerg vollzitt, fir sech hei permanent néier ze loossen, an domat als Migrant mat dauerhaftem Bleiwerecht zielt, muss sech dem integralen Integratiounsprozess verschreiwen. Dës bis dato friem Persoun, gëllt als potentiell neie Matbierger vum Land, a muss dowéinst, och vollwäerteg an d’Lëtzebuerger Gesellschaft integréiert ginn. D’Integratioun ass e wichtege Schrëtt fir sech selwer, d’Liewen an engem frieme Land, an am Respekt fir d’Natioun an d’Gesellschaft, déi ee wëllkomm heescht. Vill Auslänner, liewe gutt integréiert, rechtstrei, an als geschate Bierger an eiser Gesellschaft. Et gi wonnerbar Beispiller, vu gudder Integratioun. An dofir däerf et fir nei Auslännergeneratioune, keng Ausnahm vun de Spillregele ginn. D’illegal Immigratioun muss konsequent ënnerbonnen a bekämpft ginn.


De Budget an d’Finanzen vum politesche Ressort Immigratioun, Integratioun an Asylpolitik, mussen an enger transparenter, a professioneller Haushaltscomptabilitéit gefouert, an als Informatioun un d’Bierger, fräi aliesbar sinn. Deen immense Käschtepunkt vun dëser politescher Staatsaufgab, muss dowéinst och regelméisseg dem legislativ-demokratesche Prozess zur Analys an Debatt stoen.

Déi Konservativ vertriede voll a ganz, d’Recht op Reliounsfräiheet, déi fräi Selbstbestëmmung a Praxis vu reliéiser Adhesioun, awer och politesche, philosopheschen oder spirituellen Iwwerzeegungen. Et zielt Reliounsgläichwäertegkeet an d’Neutralitéit vum Staat beim Ëmgang mat alle Reliounen, mä och am Wëssen ëm eis kulturhistoresch Verwuerzelung a Prägung duerch d’chrëschtlech-kathoulesch Relioun. Dës Relioun huet hei am Land, hir gewuesse Plaz, déi allerdéngs duerch eis Initiativ fir eng finanziell Trennung vu Kierch a Staat, engem méi gerechte Finanzéierungsmodell ugepasst gëtt. Dës Glawens-, Gewëssens-, a Bekenntnisfräiheet, erfuerdert awer och de vollste Respekt zum Lëtzebuerger Staatsverständnis- a wiesen, op Basis vun eiser Verfassung, eisem Rechtsstaat, alle kommunalen a nationale Gesetzgebungen, eisem okzidentale Wäerteverständnis, souwéi doriwwer eraus, den internationale Mënscherechter. Fir de Schutz vu Staat an Demokratie, muss aktiv géint reliéisen a politeschen Extremismus virgaange ginn. Eise Buedem duerf net zum Anker a Mëttelpunkt, vu Kulturkrich, Anarchismus a Verfassungsfeindlechkeet ginn. Reell Geforen ewéi de weltwäiten Islamismus, de politesche Lénks- a Rietsradikalismus, an aner Extremismen solle keng Chance zu Lëtzebuerg hunn.


Mir sti fir eng modern a moderat Praktik vu Relioun, a fir e friddlecht Nieftenaner vu Chrëschtentum, Juddentum, Islam, an anere Reliounsgemeinschaften. Am Widdersproch zu engem zäitgeméisse Reliounsverständnis stinn awer reliéis Herrschaftsuspréch a Symboliken, extremistesch Priedegten, réckschrëttlech Diktater, oder Imperalismusziler, zum Beispill, wéi se sech duerch e politeschen Islam manifestéieren; als Beispill zielen hei d’Scharia, d’Minaretten an d’Burka. Si sinn inkompatibel mat eisem politeschen an demokratesche Rechtssystem. Dofir triede mir e.a och, fir en absolut Burka- a Niqabverbuet an der Ëffentlechkeet an. Dëst gesi mir als rechtskonform Erweiderung vum existente Prototyp vum Vermummungsverbuet an d’Uertdeel vum europäesche Geriichtshaff. Och d’Zwangsbestiednis, d’Kannerbestiednis, d’Verwandtschaftsbestiednis oder polygam Familljekonstellatiounen, sinn ethesch a rechtlech, kengeswees kompatibel an akzeptabel. De Krunn vun der Subventioun fir Reliounen oder reliéis-politesch Initiativen a (Wahl-)compagn’en duerch d’Ausland, muss gestoppt ginn.