Kapitel II. | Lëtzebuerger Kultur & Ierfschaft

Eng wichteg Aufgab vu Staat a Politik, ass de Schutz an Erhalt vum nationale Kulturiewen. National Baudenkmäler a Kulturpatrimoine wéi d’Festung Lëtzebuerg, eis Buergen a Schlässer, d’Commémoratiounsmonumenter, d’Grafstied vun historesche Perséinlechkeeten, eis Kierchen, Infrastrukture vu wäertvoller Bausubstanz, den Train 1900, historesch Reliquien an antik Ausgruewungsplazen, d’Ierfschaft aus der Kelten- a Réimerzäit, Naturplaze wéi z.B de Mëllerdall asw., gehéieren dofir ënnert en éierbaren Kultur- an Denkmolschutz. Eis patriotesch Kulturpolitik steet ganz am Zeeche vum Lëtzebuerger Nationalwiesen.

Eis Partei setzt sech fir eng systematesch Erfuerschung, Fleeg souwéi fir d’Restauréierung, d’Renovéierung an den Ausbau vum nationale Kulturgutt an eise kulturelle Ressourcen an. Och d’Verschéinerung vun den Uertschaften am Land, d’Abannung vu genee dësem historesche Kulturierwen an d’Liewensëmfeld, ass immens wichteg. Eis Partei setzt iwwerdeems, op méi eng effektiv, intensiv an informativ ëffentlech Vermaartung vum Kulturwiesen- a liewen, souwéi fir d’Fërderung vun touristesche Konzepter, getrei der Feierwon-Stroph « Kommt dir aus Frankräich, Belgie, Preisen, mir wëllen Iech ons Heemecht weisen ». Lëtzebuerg soll als e klengt Land mat enger räicher Geschicht, an als eng léif Kulturmetropol, wouer geholl ginn. Hei spille besonnesch d’Kulturinstituter, d’Muséeën, d’Nationalarchiv an d’Interesseveräiner, eng essentiell Roll fir d’Lëtzebuerger Geschicht, mä awer och d’Hoteller an d’national Fluchgesellschaften am Hibléck op attraktiv Kulturofferen am Tourismus.

D’Partei gesäit och am Weiderliewe vu Bräich, Traditiounen a Legenden, wichteg Komponente vun der Kulturexistenz. Mat geziilter Ënnerstëtzung a Beliewung, wëlle mir hei eisem Land en Déngscht erweisen, fir datt keng Traditiounen ausstierwen oder an de Vergiess geroden. Esou musse reliéis a national Feierdeeg a Gewunnechten, z.B Liichtmëssdag, d’Sprangprëssessioun, den Dag vun der Aarbecht, oder och d’Kiermes am Duerf, historesch verwuerzelt Traditiounen, oder eis Staatsform d’Monarchie, voll a ganz als Deel vun eiser Lëtzebuerger Kultur a Geschicht erhale bleiwen. Eist Staatsverständnis als konstitutionell-parlamentaresch Monarchie, Lëtzebuerg als dat lescht Groussherzogtum op der Welt, an als eng vun de leschte Monarchie’en, gekoppelt un de liberale Rechtsstaat an d’Demokratie, gëtt eisem Land e wäertvollen, identitéitsstëftenden, politeschen an historesche Rang. D’Land soll och net vu senger chrëschtlech-kathoulescher Prägung, komplett kulturell entwuerzelt ginn. An dem Sënn, ass d’Partei och géint d’Expropriatioun oder d’Enteegnung vun de Kierchefabricken, déi am Kulturbesëtz vun de Gemenge bleiwe sollen, an hire klasseschen Aspekt behalen. Mir wëlle keng DDR-Buedemreform 2.0. D’Partei steet awer fir eng nei Relatioun vu Kierch a Staat, dat heescht, d’Recht op déi fräi a finanziell Selbstbestëmmung vun all eise Bierger an hirer Reliounsfräiheet. Et soll Jiddereen op senger Steiererklärung selwer iwwert säi Su decidéieren. Domat gi mir de Wee an eng nei Eegefinanzéierung vun eise Kierchen.

Och d’Generatiounegeschicht an de Nolass am Kulturliewen, den haitege Kulturbestand vun allerlee Komponisten, Schrëftsteller, Kënschtler aus der Kulturzeen, ass e wäertvolle Bäitrag, fir d’Identitéit an d’Mark Lëtzebuerg. Als Partei garantéiere mir alle Kulturschaffenden, Fräiheet an Onofhängegkeet, eng ugemoosse

staatlech Subventioun an e Patentschutz op intellektuellem Eegentum. Et soll eng gestäerkt Fërderung an Ënnerstëtzung ginn fir; lokal a regional Museksfestivallen a Concerten, Theateropféierungen, Graffitikonscht, Lëtzebuerger Filmproduktiounen a Co-Produktiounen, d’Participatioun un internationale Musek- a Filmconcoursen, d’Schafung vum Lëtzebuerger Kannerfernseh, méi kulturell Vermaartung (z.B Sponsoring a Publicitéit), Danz, Konscht, Molerei, Schrëftstellerei a Kachkonscht. Eis Partei leet grousse Wäert drop, datt Jiddereen vum Kulturliewe profitéiert, a fuerdert dofir, d’Aféierung vun engem staatleche Kulturpass wou d’Jugend, d’Rentner, behënnert Matbierger, sozial schwaach Leit, a Famillje mat Geréngverdéngscht, vu méi präisgënschtege Kulturoffere profitéieren, esou, datt all Gesellschaftsschicht e kulturellen Accès huet. Mir wëllen allgemeng, den Interessi, de Spaass, an d’Offer vum Kulturliewen a gläichermoossen, d’Fräizäitgestaltung grouss schreiwen. Dozou gehéiert och, eng aktiv Sich no neien Talenter a Kulturbäitreeg an alle Beräicher. D’Rockhal, d’Kulturfabrik, d’Philharmonie, de groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg, d’Rotonden, d’Jugendhaiser asw., sinn ideal Plaze fir all Stil vu Kulturprogramm.