Kapitel I | Identitéitspolitik, Integratioun & Sprooch

D’Lëtzebuerger Sprooch muss als ieweschst Nationalsprooch, an als eis Mammesprooch, dat heescht, als Sprooch vu Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger, offiziell an der Lëtzebuerger Verfassung verankert ginn. Als een elementare Bestanddeel vun eiser Lëtzebuerger Identitéit, ass de Verfassungsrang fir eis Sprooch onverzichtbar. D’Lëtzebuerger Sprooch kritt esou, nieft eisen administrativen Amtssproochen,  den éierbare Stellewäert, déi se verdéngt.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass zugläich och, d’Integratiounsinstrument fir Auslänner, fir sech mat eiser Identitéit ze familiariséieren, an hir Integratioun an d’Lëtzebuerger Gesellschaft ze vollzéien. Jidder Mënsch muss verflicht ginn, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren an e positiven Integratiounsnoweis z’erbréngen. Et soll heifir, als Ulafstell, e nationalen Integratiounszentrum mam Beruff vu geschoulten Integratiounsbeoptragte geschaaft ginn, déi sech zesumme mam Integratiounsministär, explizit ëm den Aufgabeberäich vun der Integratioun bekëmmeren, an dobäi enk a vernetzt, mat de Gemengen am Land schaffen a wierken. Och d’Gemengen sollen all hei mat maachen, andeems si am Kader vum « Contract d’Accueil et de l’Intégration » gratis Lëtzebuergeschcoursen ubidden.

De Status vun eiser Sprooch muss revaloriséiert, gefleegt, a gefërdert ginn, an engem Mooss, wou si am Alldag, awer och an der Beruffswelt, eng omnipräsent an dominant Roll spillt. Esou muss d’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Secteur, souwuel bei Staat, Gemengen, Justizwiesen, Gesondheets- a Medezinsberäich souwéi an der Altersfleeg, eng Obligatioun a Konditioun sinn, ewéi och eng staark Präsenz an der Privatwirtschaft weisen. Esou fuerdert eis Partei e Mentalitéitswiessel mat konsequenter Ëmsetzung vu méi Lëtzebuergesch am Land:

Fir de Verwaltungsapparat vum Staat, heescht dat, datt wichteg Dokumenter, d’Verfassung, d’Steiererklärung, d’Vollekszielung, de Wahlziedel, Informatiounsbroschüren, Formulairen, offiziell Schreiwessen, Internetsäiten, Gemengerotssëtzungen asw., prioritär a Lëtzebuerger Sprooch sinn. Doriwwer eraus, soll d’Sprooch eng staark Fërderung am deegleche Commerce an a Beruffspraxis erliewen. Heizou zielt och, d’Optioun vum staatlech finanzéierte Sproochecongé, deen exklusiv fir d’Erléiere vun der Sprooch, ze gutt steet. Um Enn soll eng Subventioun als Belounung fir Betriber mat Sproochengagement stoen.

Och d’Verlëtzebuergesche vun de Gemengen am Land, gehéiert zum Erhalt vun eisem Nationalcharakter. Eis Partei fuerdert an enger éischter Linn, um Terrain aktiv ze ginn, an entspriechend Initiativen an d’Weeër ze leeden, fir d’Nimm vun Uertschaften, Stroosse, Plazen, Gebaiinschrëften, Informatiounsschëlder asw., an d‘Lëtzebuergescht ëm ze deefen. Déi wichtegst Ulafstellen, souwéi de Lëtzebuerger Numm vu senger Gemeng ze kennen, ass fir all Auslänner, dach dat éischt Bekenntnes, sou ze soen, een éischte Schrëtt, fir en zukënftegt Liewen hei am Land.

D’Fërderung, d‘Aktualiséierung an d’Entwécklung vun eiser Sprooch sinn essentiell fir hiert Iwwerliewen. Esou spillen e.a, de Kulturministär, de Rot fir d’Lëtzebuerger Sprooch, d’groussherzoglecht Institut, dat nationaalt Institut vun de Sproochen, d’Uni Lëtzebuerg, d’nationaalt Literaturzentrum, d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, d’Asbl Moien- Eng Bréck fir eis Sprooch, an dat geplangten Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch, eng wichteg Roll. Nieft dësen Institutiounen, spillt och d’Veräinswiesen, lokalpolitesch Instanzen, Initiativen ewéi d’Spellchecker App an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire, d’Auteuren an d’Verlagswiesen, d’Museker an d’Regisseuren, mä haaptsächlech och d’Medien, de Radio an d’Televisioun, eng zentral Roll an der Sproochevermëttlung. Eis Partei wëll all dës an aner Acteuren, an de Prozess mat abannen, gestäerkt fërderen a vernetzen, fir all déi fortschrëttlech Aarbecht an individuell Bäitreeg fir d’Sprooch, op dësem Gebitt ze belounen.

De Verdéngscht fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit soll um Prozessenn vun der Integratioun stoen. Et muss de Noweis vun enger, de Spillregele no, gelongener Integratioun erbruecht ginn, a sech och just ze verdénge sinn, wien Integratiounswëllen an Integratiounsfäegkeet, souwéi déif Loyalitéit fir Lëtzebuerg beweist.

Dëst heescht am Kloertext: En definéierte Niveau vu Sproochekenntnis, Geschichtswëssen, Allgemengbildung iwwert d’Land, eng noweislech Residenzzäit zu Lëtzebuerg an eng erfollegräich, afgeschlosse Participatioun um Integratiounscours. Hei sinn e.a, erfuerdert Niveauen am Sproocheverständnis an a mëndlecher Kommunikatioun wichteg, déi per Examen an engem Examenssall, zur Prouf gestallt ginn. Geméis der Définitioun vun der nationaler Staatszougehéieregkeet, ass ee Lëtzebuerger, wann een d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Mir sti mir fir de souveräne Prinzip vum « droit du sol », dat heescht, geméis der aktueller Legislatioun, dem « droit du sol de la 2ème generation » (= zu Lëtzebuerg gebuer mat Lëtzebuerger Elterendeel) an der Unerkennung vum « droit du sol de la 1ère generation » fir Auslänner (an der Versioun vun 18 Joer Residenz zu Lëtzebuerg a lëtzebuergescht Sproochverméigen). Iwwerdeems gëtt eng eng Serie vun aneren Zeenarien an Optiounen, fir den Erwerb vun eiser Lëtzebuerger Nationalitéit: Hei wëlle mir, méi strikt Konditiounen a Modifikatiounen un der Gesetzeslag.

Eng vollwäerteg Integratioun fonctionnéiert d’office an effikass, iwwert de Wee vun institutioneller, kultureller, a linguistescher Assimiléierung a Bildung. Un d’Integratioun gekoppelt, si Rechter a Flichten, wéi z.B d’Nationalwahlrecht oder d’Bezuele vun de Steieren. De Referendum vun 2015 schwätzt Kloertext fir dëse Staatsprinzip: d’Wahlrecht fir d’Auslänner, gouf ma ronn 80% ofgeleent. Mir wëlle keng Phänomener ewéi Parallelgesellschaften, Segregatioun, oder e Gesellschaftsliewe mat Kommunikatiounsbarriären – dëst soll net d‘Alldagsbild zu Lëtzebuerg sinn. Leit déi weder Lëtzebuergesch schwätzen, nach e Wuert verstinn, si keng Form vu gesellschaftlecher Integratioun. Och eng Nulltoleranz géintiwwer Extremfäll vun Integratiounsverweigerung ass eng Noutwennegkeet fir de gudden a gesonde Fonctionnement vun der Integratiounspolitik. Hei muss mat strenge Konsequenze gerechent ginn, e.a d’Net-Verlängerung vun der Openthaltserlaabnis, d’Sträiche vu Sozialleeschtungen, oder d’Réckféierung an d’Hierkonftslänner.

Am Schoulwiese muss eiser Sprooch, endlech Rechnung gedroe ginn. Esou féiere mir als Partei, d’Schoulfach Lëtzebuergesch an alle Schoulzykle vu Grondschoul a Lycée an, e Flicht-Unterrecht, dee permanent, equivalent, professionell, a vollwäerteg zu deenen anere Sproochefächer ass. Dëse soll de Kanner, eng linguistesch Wëssensvermëttelung mat op de Wee ginn – se sollen d’Sprooch mëndlech-kommunikativ, a schrëftlech-grammatesch, léieren. Och de Geschichtsunterrecht an d’Biergerkond, sollen op Lëtzebuergesch ënnerriicht ginn.