Méindes – Freides 13:00 – 15:00 | RCS Nr- F11249 | +352 661 91 07 17

Numéro RCS: F11249

déi Konservativ

“DÉI KONSERVATIV“

Association sans but lucratif
3, op de Gehren, L-4888 Lamadelaine

Virwuert

Mat Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch an d’sozial Entwécklung vun eisem Land, a baséirend op de Grondsätz vu Verfassung, Rechtsstaat a konstitutionell-parlamentarescher Monarchie, huet sech am Interessi fir eist Land an eis Bierger, d’Partei „Déi Konservativ” gegrënnt.

PARTEISTATUTEN_DEIKONSERVATIV_PDF-1

Artikel 1

D’Vereenegung „Déi Konservativ” ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, op konservativer a
patriotescher Grondlag. D’Partei datéiert hir Grënnung op den 21. Mäerz 2017 zu Lamadelaine.

Hire franséische Numm ass « Les Conservateurs » – hiren däitsche Numm „Die Konservativen” – hiren
englesche Numm “The Conservatives”.

Artikel 2

D’Grënnungsurkund an d’Néierschrëft vun hire Grënnungsmemberen, sinn nieft de Statuten,
d’Fundament vun der Partei. Souwuel de Grennungsacte, wéi och d’Parteistatuten, sinn ëffentlech
zougänglech.

Artikel 3

D’Partei huet kee Parteikierzel, a gëtt offiziell mam ganze Numm genannt. Den hellbloe „K” vun „Déi
Konservativ” ass allerdéngs gëltegt Parteisymbol.

De Copyright vum Logo läit bei der Partei „Déi Konservativ” an duerf just am Intérêt vun der Partei,
oder fir ëffentlech Berichterstattung vu Medien a Press fräi benotzt ginn.

D’Parteifaarwe vum Logo si schwaarz an hellblo, d’Schrëftvariant ass „Andalus” an de „K” gëtt an der
Schrëftweis „Edwardian Script ITC” redigéiert. De Standartlogo huet d’Gréisst 54 an de Buschtaf „K”
72.

Artikel 4

D’Leetiddien, d’Prinzipien, an déi politesch Ziler sinn am Grondsazprogramm, souwéi am
Wahlprogramm festgehalen. Des kennen op Initiativ vum Nationalkomitee um jäerleche
Nationalkongress jidder Zäit adaptéiert, erweidert a geännert ginn. D’Partei verfollegt den Interessi,
fir um demokrateschen a politesche Liewen deel ze huelen, bei der politescher Wëssensbildung mat
ze maachen, an hir politesch an alternativ Iddien ze promouvéieren.

Artikel 5

De Parteisëtz ass op folgender Adress;

3, op de Gehren

L-4888 Lamadelaine
Lëtzebuerg

Dëse kann zu jidder Zäit op eng aner Plaz verluecht ginn, wann d’Partei dës Decisioun hëlt. D’Partei ass
no enger Hierarchie a Struktur gegliddert an an dëser, onverännerbar. D’Hierarchie gesäit, wéi an de
Statuten definéiert, eng Parteispëtzt an e Komitee vir, an d’Struktur ass nom Prinzip Exekutiv-
Nationalkomitee-Bezierker-Sektiounen organiséiert.

Artikel 6

„Déi Konservativ” hu keng identesch oder vergläichbar Schwësterpartei am In- an Ausland.D’Partei ka
sech allerdéngs europäeschen oder internationalen Organisatiounen uschléissen oder Partnerschaften
agoen. Dës Decisioun läit beim Nationalkomitee.

KAPITEL 2
Memberschaft

Artikel 7

Eng Memberschaft kann duerch e schrëftlech Schreiwes, de Memberformulaire oder iwwert E-Mail
mat der éierlecher a korrekter Indikatioun vun allen Donnéeën (déi vun der Partei vertraulech
behandelt ginn) ugefrot ginn. No Iwwerpréifung vum Nationalkomitee kritt den Interessent e
Begréissungsschreiwes mat senger personaliséierter Memberskaart zougestallt, woumat seng
Memberschaft offiziell ass. All neien Interessent, duerchleeft en allgemengen „Check” viru senger
accordéierter Parteimemberschaft, a kann ggf. seng Memberschaft fir an d’Partei, mat oder ouni
Grond, refuséiert kréien. Et läit an der Responsabilitéit vum Nationalkomitee fir iwwert d’Ophuele vun
neie Memberen an d’Partei oder a Gremien, no entspriechendem Iwwerpréiwen, z’entscheeden.

Artikel 8

All Member ass verflicht, d’Statuten, de Grondsazprogramm an de Wahlprogramm ze respektéieren a
säi jäerleche Memberscotisatioun ze bezuelen. E neie Parteimember ass no dräi Méint Memberschaft
fir Poste wielbar, et sief et handelt sech ëm d’Neigrënnung oder d’Réorganisatioun vun enger
Parteisektioun oder engem Parteibezierk wou dës Regel sech aus organisatoresche Grënn, net
applizéiert.

Artikel 9

D’Memberschaft geet verluer duerch eng schrëftlech Kënnegung (Austrëtt aus der Partei), e positiivt
Ausschlossverfahren, d’Netbezuele vum Membersbäitrag oder duerch den Iwwertrëtt an eng aner
politesch Partei oder Vereenegung.

Artikel 10

□’Parteistatuten gesinn Disziplinarprozeduere vir. Dës Disziplinargewalt läit beim Nationalkomitee an
eng entspriechend Prozedur gëtt aktiv, bei Verstéiss géint d’Uerdnung, den Image, an d’lnteresse vun
der Partei. Eng Demande fir eng Disziplinarprozedur ka schëftlech a mat Noweis vun alle vertruedene
Memberen aus dem Nationalkomitee ugefrot ginn a gëtt mat einfacher Stëmmemajoritéit akzeptéiert
oder refuséiert.

En Disziplinarverfahre baséiert ëmmer op dem Recht vum concernéierte Member, op eege
Verdeedegung, als mëndlech oder schrëftlech Stellungnahm beim Nationalkomitee. De concernéierte
Member muss och fir eng entspriechend Disziplinarprozedur, convoquéiert ginn an hei mat de
Parteistatuten an der Prozedur op e Neits, vertraut gemaach ginn. D’Disziplinarprozedur muss als
Punkt um Ordre du Jour vun der Réunioun stoen an all disziplinär Décisiounen gi vum Nationalkomitee
mat majoritärem Vote geholl. Dës Decisioune können temporär oder suspensiv sinn.

Artikel 11

D’Disziplinarprozedur gesäit verschidde konkret Moossname fir, fir dem concernéierte Member,
d’Parteiuerdnung ze manifestéieren. Éier et zu enger Disziplinarprozedur fir e Parteiausschloss könnt,
kann de Nationalkomitee, eng vun dëse folgende Moossnamen decidéieren an applizéieren;

Keng Moossnam
Arbiträr mëndlech oder schrëftlech Verwarnungen
Entzuch vu Parteiämter oder Ausschloss aus engem/méi Parteivir – stand/stänn
Temporären Entzuch vun der Parteimemberschaft oder Verbuet fir d’Mentionnéierung
Verbuet op de Wahllëschten ze kandidéieren
Verbuet fir Stellungnahmen representativ am Numm vun der Partei ze tätegen
Entzug vu Kontoberechtegung
Schuedensersatz

Als leschten a schäerfste Moossnam, steet de Parteiausschloss;

Parteiausschloss bei schwéiere Verstéiss géint (^Parteistatuten, d’Parteiprinzipien, de
Wahlprogramm oder d’Interesse vun „Déi Konservativ”.
Nieft dem Sanktionéiere vun eenzele Member, kann och d’Opléisung vun enger ganzer
Sektioun an hirem Virstand decidéiert ginn, wann des d’Parteistatute blesséiert.

Artikel 12

Als prinzipiell Grënn fir esou eng Disziplinarprozedur gesäit d’Partei,

D’Memberschaft an extremistesche Vereenegungen oder extremisteschen Aussoen
Extremistesch Aktivitéiten op de soziale Medien
Politesch Aktivitéiten zu Ongonschten oder géint d’Partei „Déi Konservativ”
Verstéiss géint d’Parteiuerdnung an d’intern Disziplin resp. parteischiedegend Attitüden
DéîfstaI vu Parteieegentum/Parteikapital oder Verontreiung vun de Parteisuen resp. finanziell
oder matierell zougefügte Schued fir d’Partei
Verëffentlechung vu Parteiinterna
Absichtlech Verstéiss géint d’Parteiprinzipien, d’Parteistatuten, d’Parteinteressen oder de
Wahlprogramm

Imageschued fir d’Partei an der Ëffentlechkeet
AnerGrënn

Artikel 13

Ausgetrueden oder ausgeschlosse Memberen hu keen Urecht op materiellen oder finanzielle Besëtz
vun der Partei. Si sinn obligéiert – am Fall vun engem gewielte Mandat – dësen un d’Partei zeréck ze
ginn, insofern si dësen iwwert eng Kandidatur op enger vun de Wahllëschten vun „Déi Konservativ”
kritt hunn.

KAPITEL 3

Parteisektiounen a Bezierker

Artikel 14

Et steet alle Membere fräi, eng Parteisektioun ze grënnen. Dës muss allerdéngs iwwert e schrëftlech
Schreiwes un de Nationalkomitee geschéien, an e majoritäre Vote entscheet iwwert den Accord
heizou. D’Aufgab vun enger Parteisektioun ass d’Partei un der Basis ze organiséieren, politesch
Aktivitéiten a Versammlungen of ze halen, un der Lokalpolitik deel ze huelen, bei Gemengewahlen ze
participéieren, nei Memberen ze gewannen, an d’lddie vun der Partei bekannt ze maachen.

Artikel 15

All Sektioun ass verflicht, hier jäerlech Generalversammlung mat fixem Ordre du Jour ofzehalen. All
d’Membere vun enger Sektioun sinn invitéiert a stëmmberechtegt.

Artikel 16

□’Generalversammlung huet folgend Aufgab,

Si zitt Bilanz vum politesche Joer
Si presentéiert a gëtt d’Decharge vun der gefouerter Comptabilitéit
Si wielt de Sektiounsvirstand an d’Keeserevisoren
Si leet de kommunalpolitesche Programm fest
Si ka Virschléi, Fuerderungen, Ideeën un dat nationaalt Gremium vun der Partei weiderginn
Si wielt a nennt hir Delegéierter fir de Bezierk

Ail Entscheedungen déi d’Generalversammlung oder d’Sektioun hëlt, gi per Vote decidéiert a
resultéieren op einfacher Stëmmemajoritéit. Bei Stëmmeglâichheet, entscheet d’Stëmm vum
President.

Art 17

D’lnvitatioune fir regulär Versammlungen musse mindestens siwen Deeg am Viraus un d’Membere
verschéckt ginn, den Termäin fir d’Generalversammlung läit bei zéng Deeg.

Art 18

D’Sektioun ass obligéiert, innerhalb vun engem Mount eng aussergewéinlech Versammlung mat
geneeër Dagesuerdnung an ze ruffen, wann d’Halschent vun de Komiteesmemberen dat wënscht.

Art 19

De Sektiounsvirstand gëtt all Joers neigewielt a besteet aus mind. 3 Memberen (President,
Generalsekretär a Keessjee). Memberen, déi am Laf vum Joer opgeholl ginn, gëllen als an de Komitee
co-optéiert, allerdéngs just mat enger berodender Stëmm.

Art 20

D’Posten an déi jeeweileg Kandidaturen ginn all Kéiers op der Generalversammlung gewielt. All
Member, deen zënter dräi Méint aktiv ass, ass berechtegt op eng Kandidatur. Zur Wiel stinn de
President, een oder méi Vizepresidenten, de Sekretär, de Keessjee an d’bäigeuerdnet
Komiteesmemberen.

All Parteisektioun huet d’Recht, hir Delegéiert (max. 3) an hiren entspriechende Bezierk ze wielen an
ze nennen. D’Sektiounspresidenten souwéi d’Mandatären op lokalem, nationalem oder
internationalem Plang sinn d’office Member vum Bezierk a vum Nationalkomitee.

Art 21

Eng Versammlung muss mindestens eemol am Mount stattfannen. Feelt e Komiteesmember dräimool
onentschëllegt, gëtt dëse convoquéiert. Ass de Member eng weider Kéier onentschëllegt, gëlt de
Member als net méi aktiv, a gëtt als ausgetruede consideréiert. De President leed all Versammlung,
kann dës Charge awer och un de Vizepresident ofginn. De Vizepresident agéiert legitiméiert
stellvertriedend am Fall vun der Absence vum President.

Art 22

De Rapport vun all Versammlung ass d’Charge vum Sektiounssekretär, a gëtt mat der Invitatioun vun
der nächster Versammlung innerhalb vu siwen Deeg, un d’Membere mat verschéckt. De Keessjee huet
d’Aufgab, d’Keessebuch ze féieren.

Art 23

D’Sektioun steet ënnert der Responsabilitéit vun hirem jeeweilege Komitee. D’Ënnerschrëften vum
Sektiounspresident, Sektiounskeessjee a vum Sektiounssekretär müssen ob alle wichtege Pabeieren a
Beschlëss drop sinn. D’Sektioun däerf keng eege Kreditter ophuelen, déi net vum nationale Gremium,
dem Nationalkomitee accordéiert goufen oder déi eege Keesselimit vun der Sektioun defizitär
maachen.

Art 24

D’Sektioune könne sech eens ginn, fir sech als gemeinsam Fusiounssektioun ze regroupéieren. Heifir
brauch et e schrëftlech Schreiwes un de Nationalkomitee mat den Ënnerschrëfte vun de jeeweilege
Sektiounen, wou d’Relevanz vum Nationalkomitee analyséiert a ggf. uschléissend accordéiert gëtt.

Art 25

All d’Sektiounen si jeeweils hirem Bezierk ënnerstallt. D’Partei gliddert sech an d’Bezierker Süden,
Norden, Zentrum an Osten.

D’Bezierker hunn d’Aufgab, d’Zësummenaarbecht an d’Kommunikatioun vun de Sektiounen ze
koordinéieren, an d’Sektiounen un e gemeinsamen Dësch ze bréngen en vue vum politeschen
Austausch. Weiderhin schaffen si am gemeinsame politeschen Interessi fir hire Bezierk.

D’Bezierker hunn d’Recht hir Délégéiert (max. 3) an de Nationalkomitee ze wielen an ze nennen.
D’Bezierkspresidenten souwéi d’Mandatären op lokalem, nationalem oder internationalem Plang sinn
d’office Member vum Nationalkomitee souwéi der Exekutiv.

Fir de Bezierk gëllen déi selwecht Spillregelen a Critèren, ewéi fir eng Parteisektioun an hire
Fonctionnement. (Verweis op Kapitel 3)

KAPITEL 4

Aner Parteiglidderungen

Art 26

Op Beschloss vum Nationalkomitee, kann d’Partei aner Parteiglidderunge grënnen: intern
Aarbechtsgemeinschaften, eng Jugendsektioun, eng Fraesektioun an ähnlech Parteiglidderungen.
D’Jugendsektioun vun „Déi Konservativ” dréit den Numm „Jonk Konservativ”.

Des Parteiglidderunge si gebonnen un d’Partei „Déi Konservativ”, a müssen an hirem politeschem
Wierken, d’Statuten, de Grondsazprogramm an de Wahlprogramm respektéieren a sinn an hirem
Fonctionnement an hirem Charakter enger Sektioun identesch.

Si si berechtegt, politesch Stellungnahmen ze publizéieren, als berodend Organ vum Nationalkomitee
ze wierken, oder intern Propositiounen ze maachen.

Art 27

D’Jugendorganisatioun „Jonk Konservativ” däerf Memberen am Alter vu mind. 16 Joer, a vu max. 30
Joer ophuelen. D’Memberschaft an der Jugend setzt eng Memberschaft an der Mammepartei viraus.
All Member tëscht 16 an 30 Joer, ass d’office och Member, vun der Jugendorganisatioun.

KAPITEL 5

Nationalkomitee a Nationalkongress

Art 28

All d’Memberen hunn eng Memberskaart déi 15 € kascht. Dës Kaart kann zu all Abléck op engem Event
als Préifstéck gefrot ginn, notamment fir d’Vérificatioun fir d’Wahlrecht.

Art 29

De Nationalkongress fënnt all Joers statt. Genee Detailer leet de Nationalkomitee fest. D’lnvitatioun
fir de Nationalkongress gëtt vum Generalsekretär geschriwwen, an an Ofsprooch vun der
Dagesuerdnung mam Nationalkomitee, decidéiert. De Member muss des Invitatioun zéng Deeg am
viraus a senger Bréifkëscht hunn.

Art 30

D’Aufgab vum Nationalkongress sinn,

D’Guttheesche vum Aktivitéits- a Finanzbericht vum Legislaturjoer an d’Entlaaschtung vum
Komitee

D’Wiel vum Nationalpresident, dem Vizepresident, dem Generalsekretär souwéi dem
Generalkeessjee

Décisioune bezüglech Statuten, Grondsazprogramm, Wahlpropgramm, Strategie oder
Projeten

D’Festleeung vun de Cotisatiounen

De Kongress entscheet mam Vote vun all de presente Memberen, Stëmmenenthalunge gi net gezielt.
Zu all Moment kann op Wonsch vun der Halschent vum Nationalkomitee, en aussergewéinleche
Nationalkongress aberuff ginn.

Art 31

De Nationalkomitee setzt sech d’office aus zësummen aus;

der Parteispëtzt

Nationalpresident, Vizepresident/en, Generalsekretär, Generalkeesjee
de Mandatären op lokalem, nationalem oder internationalem Plang

Députéiert, Buergermeeschter, Schäften, Gemengeconseilljeeën, Délégéierten
de gewielte Bezierksdélégéierte fir de Nationalkomitee

de Bezierkspresidenten

All d’Membere vum Nationalkomitee musse Membere vun der Partei sinn, an e.a aktiv an enger
Sektioun oder engem Bezierk matwierken.

Art 32

D’Kandidaturen fir d’Memberschaft oder d’Posten am Nationalkomitee, si schrëftlech un de
Nationalkomitee eran ze reechen. Heifir ass en Délai vun mindestens siwen Deeg virum
Nationalkongress virgesinn. Jidder gewielten Delegéierten am Bezierk huet d’Recht op eng Kandidatur
am Nationalkomitee, déi um Nationalkongress zur Ofstëmmung kommen.

D’Parteispëtzt gelt um Nationalkongress fir dräi Joer gewielt. Ail aner Poste, si fir ee Joer gewielt.

D’Membere vum Kongressbüro gi vum Nationalkomitee am Gespréich mat Sektioun a Bezierk
decidéiert. Déi gewielte Membere vum Kongressbüro wielen ënnert sech, hire Kongresspresident.

Art 33

Fir beschlussfäeg op de Versammlungen ze sinn, muss e Quorum (% Präsenz) areecht sinn. Ass dat net
de Fall, gëtt d’Versammlung op en aner Datum reportéiert, deen eng Period vun zéng Deeg net
iwwerschreiden däerf.

Art 34

Ail Rapport vum Nationalkomitee gëtt vum Generalsekretär verfaasst a mat eegener Nummer a mam
jeeweilegen Datum no System archivéiert.

Art 35

D’Beschlëss vum Nationalkomitee gi per Vote geholl. Heibâi entscheed de Vote vun der Majoritéit. Bei
Stëmmeglâichheet, zielt dem President seng Stëmm duebel.

KAPITEL 6
Exekutiv

Art 36

D’Exekutiv féiert d’Decisioune vum ieweschte Parteiorgan, dem legislative Nationalkomitee, aus.

D’Exekutiv setzt sech d’office aus der Parteispëtzt, de Bezierkspresidenten an de Mandatären op
lokalem, nationalem oder internationalem Plang zesummen. D’Exekutivsëtzung fënnt mind. eemol am
Mount statt. D’Exekutiv ass tagungsberechtegt, wa mind e Quorum (% Präsenz) areecht ass.

Art 37

D’Aufgab vun der Exekutiv ass,

d’Ausféierung vun den Decisioune vum Nationalkomitee,
d’Koordinatioun vun alle Parteiglidderungen,
d’Ëmsetzung vu politesche Strategien a Projeten
d’Organisatioun an d’lafend Geschäfter vun der Partei ze verwalten

KAPITEL 7
Finanzéierung

Art 38

D’Parteifinanzéierung geschitt opgrond vun,

d’Memberscotisatioune (15 €)
Solidaritéitsbâitreeg oder Spenden
25% vum Gehalt vun gewielte Mandatären
Ëffentlech Finanzéierunge vum Staat / Parteiefinanzéierung
Sonsteg Einnamen

KAPITEL 8
Wahlen

Art 39

Jiddereen dee Member vun „déi Konservativ” ass a mindestens dräi Méint Parteimemberschaft
noweise kann, huet d’Recht op eng Kandidatur fir d’Wahlen. Heifir muss e schrëftlech Schreiwes
agereecht ginn. De Nationalkomitee decidéiert per Vote, wéi eng Memberen fir d’Wahlen op d’Lëscht
accordéiert ginn. Dës Membere ginn via Schreiwes oder op entspriechende Versammlungen doriwwer
informéiert. All d’Parteiglidderunge können och potentielle Kandidate proposéieren a sinn domat
beoptraagt, de Nationalkomitee beim Opsetze vun de Wahllëschten z’ënnerstëtzen. Potentiell
Kandidaten können sech awer och selwer, proposéieren. Virrang hu selbstverständlech déi Memberen,
déi sech duerch laang oder aktiv Memberschaft auszeechnen oder partei- intern/extern Poste
bekleeden.

Art 40

Gëtt d’Kandidatelëscht per Vote vum Nationalkomitee refuséiert, ass et d’Aufgab vum
Nationalkomitee, eng nei Lëscht ze proposéieren an ze wielen. Als gewielt gëllen Déijéineg, déi am
meeschte Stëmmen erhalen. D’Lëscht gëtt per alphabetescher Reiefolleg opgesat, de Spëtzekandidat
ass Lëschteplaz 1. E Kandidat kann zu all Moment vun der Lëscht nees erofgeholl ginn, wann dësen
net(méi) de Statuten entsprécht oder am Fall, wou eng Disziplinarprozedur géint dëse leeft.

Art 41

De Wahlprogramm an d’WahlIëschte fir d’Gemengen-, d’Chamber- an d’Europawahlen ënnerleien och
der Kompetenz a Responsabilitéit vum Nationalkomitee an Zësummenaarbecht mat de Bezierker a
Sektiounen. Jiddfer Parteimember ass berechtegt, Iddien, Proposen a Virschléi un de Nationalgremium
ze maachen.

KAPITEL 9
Statutenännerung

Art 42

Statutenännerunge ginn um Nationalkongress vir geholl. Hei trefft e majoritäre Vote, eng
entspriechend Entscheedung. Jidderee kann dem Nationalkomitee Virschléi fir eng Statutenännerung
proposéieren, déi de Nationalkomitee no enger Analys dann entspriechend um Nationalkongress zur
Ofstëmmung stellt. Des Propositioune müssen dem Nationalkomitee zéng Deeg virum Kongress
virleien. Et brauch eng 2/3 Majoritéit beim Vote, fir eng Statutenännerung unzehuelen.

KAPITEL 10
Opléisung

Art 43

D’Partei huet d’Recht sech zu jidder Zäit opzeléisen. Heifir muss de Nationalkomitee eng 2/3 Décisioun
treffen, dem President seng Stemm ass obligatoresch.

Art 44

D’Verméigen an dat materiellt Kapital vun der Partei ginn am Fall vun enger Opléisung un eng karitativ
Organisatioun gespent.

Art 45

Entspriechend Moossname no enger Decisioun fir eng Opléisung leien an der Kompetenz vum
demissionäre Nationalkomitee.

Art 46

All prozedural, temporär oder decisiv Entscheedungen, déi net an de Statuten definéiert oder virgesi
sinn, ënnerleien der Décisioun vum Nationalkomitee.

Shopping Basket
Wir benutzen Cookies um die Nutzerfreundlichkeit der Webseite zu verbessen. Durch Deinen Besuch stimmst Du dem zu.