Aktivitéitsfotocollage

Parteigeschicht

Chronique

2017
21/03/2017

Parteigrënnung

Parteigrënnung

D’Partei gouf den 21. Mäerz 2017 an der Gemeng Péiteng gegrënnt. D’Grënnungsurkund an d‘Parteistatute goufen um RCS Handelsregester deponéiert. Pressematdeelung 21.03.2017 Eng nei Partei ass gebuer.

22/03/2017

Websäit

Websäit

D’Parteiwebsäit www.déikonservativ.lu an d’Facebooksäit ginn online. https://déikonservativ.lu

27/03/2017

Deklaratioun am Gemengerot

Deklaratioun am Gemengerot

Deklaratioun vum Gemengeconseilljee Joe Thein am Péitenger Gemengerot. Duerch getrennte Weeër vu Joe Thein an ADR, ass d’Partei déi Konservativ indirekt an zäitweileg am Péitenger Gemengeconseil (fir zéng Sëtzungen) bis d’Enn vun der Legislaturperiod vertrueden.

10/04/2017

Aussergewéinleche Nationalkongress

Aussergewéinleche Nationalkongress

D’Partei huet den 10. Abrëll 2017 hiren éischten, aussergewéinleche Nationalkongress. Joe Thein gouf als Nationalpresident gewielt.

02/07/2017

Konservative Barbecue

Konservative Barbecue

D’Partei hält hiert éischt Volleksfest of ënnert dem Titel „Konservative Barbecue“.

28/07/2017

Publikatioun Gemengewahlmanifest

Publikatioun Gemengewahlmanifest

Pressekonferenz a Presentatioun vum Gemengewahlmanifest am Café Aal Péiteng.

01/09/2017

Depot Wahllëscht 2017

déi Konservativ Kandidaten Gemengewahlen 2017

Depot vun der Wahllëscht fir d’Gemeng Péiteng. (Gemengerotswahlen, 8. Oktober 2017)

08/10/2017

Gemengerotswahlen

Gemengerotswahlen

Wahlowend am Café Aal Péiteng mat der ganzer Partei, Participatioun bei de Gemengerotswahlen an der Gemeng Péiteng. D’Partei areecht e Resultat vun 2,40% Prozent.

15/10/2017

EYC Freedom Summit

D’Partei gëtt duerch hire Nationalpresident um EYC Freedom Summit 2017 vertrueden

17/12/2017

Chrëschtmaart Colmar

Chrëschtmaart Colmar

Ausfluch mat der Partei op de Chrëschtmaart op Colmar an d’Elsass.