44028946_512101402589713_7185039609678528512_n

Léif Frënn vun déi Konservativ,

Mir soen alle Wieler Villmools Merci, fir d’Ënnerstëtzung an d’Stëmme fir eis Partei. Och wann d’Resultat vun 0,52% op den éischte Bléck, wuel moer am Prozentsaz kléngt, sou ass dat an absoluten Zuelen, een Total vu bal 10.000 Stëmmen. Mir hate gesot, et gouf näischt ze verléieren, mä just ze wannen! 👍

Während ganz Europa konservativ wielt, ass daat leider net de Fall zu Lëtzebuerg. Eis Partei ass awer iwwerzeegt, datt de biergerleche Konservatismus eng wichteg politesch Philosophie ass! Deemno, ass den Exercise fir eis Partei, fir de Konservatismus nach méi bekannt a verständlech ze maachen, an op ze weisen, wat hannert der Iddiewelt stécht.

Eis Partei bleift hirer Politik weider trei, wäert awer och iwwert Reformen a politesch Strategië schwätzen – mat Bléck op d’Analys vum Wahlresultat an am Hibléck op d’Evolutioun, vun eiser jonker Partei. Mir freeën eis, op dës interessant Diskussiounen, och en vue, vun den Europawahlen 2019.

déi Konservativ

Grafiken a Biller © rtl.lu