CHAMBERWAHLMANIFEST2018
Joe Thein

Léif Lëtzebuerger Natioun,

Vereent an der Partei déi Konservativ, getrei der Burke’scher Philosophie, ënnert de Leetlinne vum biergerleche Konservatismus, gesondem Patriotismus, a gelieftem Fräiheetsgrondsaz, triede mir als fräimiddeg an idealistesch Bierger aus dem Vollek, mä och als demokratesch Politiker, mat grousser Léift fir d’Land, an de politeschen Déngscht fir eist Lëtzebuerg.
Eist Häerz schléit fir eis Heemecht, eist Vollek, eis kulturell Ierfschaft, eis Identitéit a Souveränitéit, a fir all déi gutt Errongenschaften an Evolutiounen, als eng kleng, mä dapper, an houfreg Natioun. Mir hunn eis mat eisem Häerz, fir Lëtzebuerg verschriwwen, am gudde Wëssen ëm eis politesch Aufgab a Verantwortung, déi mir fir eist Land an eis Landsleit droen.
D’Partei déi Konservativ, vertrëtt mat hirem Chamberwahlmanifest fir d’Parlamentswahlen 2018, eng ganz Rei politesch Programmpunkten am Interessi fir Lëtzebuerg. Et ass eng wichteg politesch Grondlag op déi eis Partei, nieft hire Statuten an hirem Grondsazprogramm, gebaut ass, an déi Iech weist, fir wéi eng politesch a gesellschaftlech Idealer, Prinzipien a Konzepter, eis Partei op nationalem Plang steet.
Dir wielt de 14. Oktober, äert Lëtzebuerg! Wielt och dir konservativ! Mir sinn d’Partei géint de Stroum, géint den Aalparteientraditionalismus, a géint de politesche Mainstream. Mat eis gëtt et e politesche Wiessel, net just vu Käpp, mä vun Iddien a Visiounen! Mir sinn d’Partei mam Volleksmutt! 
“The people never give up their liberties but under some delusion.”
– Edmund Burke
« E Vollek gëtt nimools seng Fräiheet op, ausser ënner muench Täuschung. »
äre Nationalpresident a Spëtzekandidat,
Joe Thein

Hei kënt Dir de Programm als PDF erooflueden

Chamberwahlprogramm 2018