Stellungnahm 02.06.2017 Changementer am Nationalkomitee

Stellungnahm 02.06.2017 Changementer am Nationalkomitee

Stellungnahm

02.06.2017

Changementer am Nationalkomitee D’Partei déi Konservativ informéiert Iech gären, no hirem Nationalkomitee vum 1. Juni 2017 iwwert decidéiert, personell Changementer, um Niveau vun der Parteispëtzt.

Mam Ausscheede vun dräi Komiteesmemberen aus dem Nationalkomitee, dem Guy PEIFFER (datéiert op den 23. Mee), dem Guy MALANÉ (datéiert op den 30. Mee) an dem Pol MORANG (datéiert op den 1. Juni), deelt d’Partei no hirer Reunioun, d’Bekanntmaachung per Stellungnahm mat,

 datt op Basis vun der Kenntnisnahm vun alle respektéierte Beweeggrënn,

 datt op Basis vun der Délibératioun vum a mam Nationalkomitee,

 datt op Basis vun de gëltege Spillregele vun de Parteistatuten,

 datt op Basis vun der Décisioun iwwert d’stellvertriedend Nofolleg bis zum nächste Nationalkongress,

 

folgend Personalentscheedung décisiv an offiziell ass;

 D’Beruffung vum Nationalkomiteesmember Fränk SCHLEICH, op de Poste vum Vizepresident.

 D’Nationalkomiteesmemberschaft vum Här Daniel LEINER.

Den aktuelle Nationalkomitee vun déi Konservativ, setzt sech no dëse Changementer, wéi folgend zesummen,

Nationalpresident Joe THEIN,

Vizepresidenten Mario MAY a Fränk SCHLEICH ,

Generalsekretär Monique WEBER,

Generalkeessjee Patrick THEIN,

an de Nationalkomiteesmemberen Frederic HEUSCHLING, Sandra SCHWACHTGEN, Damien ALMEIDA, Norbert ECKARDT an Daniel LEINER.

 

gezeechent, déi Konservativ

déi Konservativ Pressematdeelung  18871214_10212687594486896_1400034092_n

Pressematdeelung 24.05.2017 Gelift? Fir méi Gesondheet, manner Fräiheet?

Pressematdeelung

24.05.2017

Gelift? Fir méi Gesondheet, manner Fräiheet?

D’Partei déi Konservativ steet an hire Prinzipien fir d’Stäerken an d’Verdeedegen vun demokratesche Fräiheete vum Individuum. Mam neie, méi strenge Fëmmgesetz wat elo d’Chamber op Regierungsinitiativ decidéiert, fäert d’Partei allerdéngs ëm ze vill politescht Diktat, an ze vill Staat, bei der Äntwert op d’Fro, wéi d’Privatsphär an d’Fräiheete vun de Leit ze respektéiere sinn.

Déi Konservativ zéien d’Analys, dat schonns beim éischte Fëmmverbuetsgesetz, eng ganz krokeleg Atmosphär tëscht Fëmmerten an Net-Fëmmerte geschaaf gouf, ma notamment d’Commercen d’Verléierer vum Gesetz gi sinn, an iwwerdeems och d’Caféskultur am Land kapott goung.

Mam neie Projet de loi, gëtt envisagéiert, fir elo nach méi wäit ze goen, an op nach méi staatlech Reguléierung vum Privatliewe vun de Leit ze setzen. Och op ëffentleche Spill- a Sportsplazen ënner fräiem Himmel, soll elo d’Matsproocherecht vum Staat méi grouss ginn, an de Leit op e Neits, e Verbuet virun d’Nues gesat ginn.

Selbstverständlech verstinn déi Konservativ d’aktiivt Engagement fir d’Gesondheetswiesen an all gesondheetspolitesch Reformen, déi fir ee méi gesonde Liewensstil erfollegräich sinn. Och kann d’Sensibiliséierung an d’Präventioun zu engem besseren a léierräiche Verständnes vu Risiken a Gefore vun Zigarettekonsum ginn.

Dat alles, hale mir fir gutt. Ma trotzdem sinn déi Konservativ der Meenung, datt ënnert dem Deckmantel vu méi Gesondheet, net de Verloscht vu méi Fräiheet duerf stoen! Well ass d’Recht op Selbstbestëmmung vum Mënsch a sou fräiheetleche Froe bis fort, ass d’Gesellschaft anescht krank, demokratesch krank, krank an hirer, eiser Fräiheet.

gezeechent,

déi Konservativ

pressematdeelung_6

Pressematdeelung 26.04.2017 Eng simplistesch a populistesch Deklaratioun zur Lag vun der Natioun!

D’Partei “déi Konservativ“ weist sech enttäuscht, iwwert d’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun vum 26. Abrëll 2017, an zitt op e Neits d’Feststellung, datt d’Gambiaregierung laanscht d’Interessen an d’Prioritéite vu Land a Leit regéiert.

D’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun ass mat de wichtegsten Zäitpunkt am politesche Liewen, do, wou de Premierminister am Regierungsnumm national Rechenschaft ofleet, an d’politesch Legitimitéit vu senger Regierung ënner Beweis stellt. D’Deklaratioun war allerdéngs keng pragmatesch Analys iwwert d’Gesamtsituatioun vum Land an d’reell Problemer, ewéi vill méi, e simplisteschen a populistesche Laf duerch d’Alldeeglechkeet ouni nei Erkenntnes. Déi Konservativ gesinn am Houfert op déi national Leeschtungen, de Merite, jiddefalls net bei der Gambiaregierung. D’Gambiapolitik ass kee successive Bäitrag fir “d’Biographie” vu Lëtzebuerg.

Fir déi Konservativ gouf alt erëm d’Chance verpasst, d’Land op déi richteg Bunn ze guidéieren. Als Partei mat Leetgedanke vum positive Mënsch, an där de Mënsch als Mëttelpunkt vun all politeschem Wierken zielt, war dës Ried méi wéi enttäuschend. D’Partei ass och net d’accord mat där lénksliberaler Ideologie, déi d’Regierung vertrëtt.

Mir hätten eis gewënscht, e puer vun eise Grondfeiler verwierklecht ze wëssen. Een altruistesche Staat mat sozialem Gemeinschaftswiesen, d’Schafung vun enger sozialgerechter Immobiliewelt uechter d’Land, d’Recht op Selbstverwierklechung, Eegentum a Kapital, d’Maximalbekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet, de systemateschen Ofbau vun der Staatsschold, d’Stoppe vun der Iwwerbevölkerungspolitik a Richtung Awunnerstaat vun der Millioun a mat alle Konsequenzen op d’allgemeng Liewensqualitéit, eng restriktiv Reorientéierung an der Asyl- an Immigratiounspolitik, d’Lëtzebuerger Sprooch als Léisung am Sproochendilemma, d’aktiv Formung a Fërderung vum Lëtzebuerger Nationalcharakter am In- an Ausland, souwéi e Lëtzebuerg mat souveräne Bäitreeg fir fundamental EU-Reformen.

Alles an allem, muss d’Politik nees prioritär a primär, am Interessi fir d’Land sinn. Nëmme wien d’Land an Éieren hält, mécht d’Gestaltung vun eiser Liewensgrondlag e Succès!

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung_5

déi Konservativ Pressematdeelung 18.04.2017 D’Tierkei gehéiert net an d’Europäesch Unioun!

déi Konservativ Pressematdeelung

18.04.2017

D’Tierkei gehéiert net an d’Europäesch Unioun!

D’Partei “déi Konservativ“ mécht sech Suergen, ëm d’politesch Entwécklung an der Tierkei, mat entspriechendem Impakt op Europa.

Nom Verfassungsreferendum, deen de Wee fräi mécht, an eng absolutistesch Diktatur mam President Recep Tayyip Erdoğan un der Spëtzt, an ewech vun allen demokratesche Spillregelen, fuerderen déi Konservativ eng ultimativ Ofso un d’Tierkei, fir hir Memberschaft an der Europäescher Unioun. Déi Konservativ gesinn och d’méiglech Aféierung vun der Doudesstrof als kloer Trennungslinn tëscht den universellen, an demokratesche Mënscherechter, an der Tierkei.

Fir d’aussepolitesch Relatioun bedeit dëst och, datt d’Europäesch Unioun d’Erpressungspolitik säitens der Tierkei an der Flüchtlingskris, endlech mat Souveränitéit a Staatsmännegkeet begéint. Mir fuerderen d’180° Kéier vun der Lëtzebuerger Aussepolitik mat der Tierkei.

Fir déi Konservativ, gehéiert d’Tierkei net an d’Europäesch Unioun! D’Tierkei gehéiert weder politesch, nach kulturell, oder voll-geografesch zu Europa, mat beschtem Wëssen, datt d’Tierkei als Bréck tëscht Asien an Europa vun zentraler politescher Bedeitung ass.

Mir bedaueren zudéifst, datt d’erdoganesch Tierkei all d’Ierfschaften an d’Reformen vum Papp vun der Tierkei, dem fréiere President, Mustafa Kemal Atatürk, mat Féiss trëppelt.

gezeechent, déi Konservativ

Wahlofkommes minus eng Partei? pressematdeelung_4

déi Konservativ Pressematdeelung 14.04.2017 Wahlofkommes minus eng Partei?

déi Konservativ Pressematdeelung

14.04.2017

Wahlofkommes minus eng Partei?

D’Partei “déi Konservativ“ huet de 14. Abrëll 2017 zur Kenntnis geholl, datt d’Parteien eng gemeinsam Pressekonferenz zum Wahlofkommes aberuff, an ee géigesäitegen Accord, fir ee faire Gemengewahlkampf den 8. Oktober 2017, ënnerschriwwen hunn.

D’Partei bedauert zudéifst, net op dëse Rendez-vous invitéiert ginn ze sinn, an dat obwuel déi Konservativ, säit dem 21. Mäerz 2017, offizielle Status als politesch Partei hunn. Well d’Partei getrei hire Statuten den Interessi huet, beim demokrateschen a politesche Prozess am Land mat ze wierken, ass dëse symboleschen Akt, vu politescher Wichtegkeet.

Trotz der Tatsaach, datt déi Konservativ bei dësem demokratesche Prozess, als politesch Partei, ignoréiert an ausgeschloss goufen, verséchert d’Partei mat dëser Pressematdeelung an hirem Numm trotzdem, datt si d’Spillregele vum Wahlkampf respektéiert.

Mir fuerderen aus déifster demokratescher Iwwerzeegung, datt an Zukunft all d’politesch Parteien, déi een Interessi un dësem géigesäitege Verspriechen hunn, op e gemeinsamen Dësch geruff ginn. An engem demokratesche Land, gehéiert d’Gläichbehandlung vun de politesche Parteien zu enger Selbstverständlechkeet.

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung  11.04.2017  Déi Konservativ, d’politesch Alternativ!

Pressematdeelung 11.04.2017 Déi Konservativ, d’politesch Alternativ!

Pressematdeelung

11.04.2017

Déi Konservativ, d’politesch Alternativ!

D’Partei „déi Konservativ“ huet den 10. Abrëll 2017, hire Nationalkongress an der Gemeng Péiteng, am Café Comeback zu Rodange ofgehalen.

D’Partei huet am Krees vu méi wéi fënnef-an-drësseg Leit, hir politesch Gebuertsstonn vum 21. Mäerz 2017 gefeiert, a mat hirem éischten, aussergewéinleche Nationalkongress, d’Partei offizialiséiert. An de Riede gouf d’Partei als politesch Alternativ zum Aalparteiesystem verkënnegt, an d’Noutwennegkeet vun enger Partei mat konservativer Parteiphilosophie, a klorer politescher Linn, begréisst. Déi Konservativ versti sech als konservativ, patriotesch a biergerlech.

Nieft dem Guttheesche vum Aktivitéitsbericht, Keessebericht, der Aarbecht vun der geschäftsféierender Parteileedung, souwéi de Statuten an dem Grondsazprogramm, gouf e neie Komitee fir d’Partei gewielt. De Joe Thein gouf unanime, a sengem Mandat als Nationalpresident, confirméiert. De Nationalkomitee vun déi Konservativ, setzt sech zesummen aus,

dem Nationalpresident Joe Thein,

de Vizepresidenten Mario May a Guy Malané,

der Generalsekretärin Monique Weber,

dem Generalkeessjee Patrick Thein,

de Nationalkomiteesmemberen Frederic Heuschling, Sandra Schwachtgen, Norbert Eckardt, Pol Morang, Damien Almeida, Fränk Schleich a Guy Peiffer,

souwéi de Keesserevisoren Maria Monteiro a Francis Birlenbach.

DÉI KONSERVATIV

Pressematdeelung  06.04.2017  Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

Pressematdeelung 06.04.2017 Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

Pressematdeelung

06.04.2017

Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

D’Partei “déi Konservativ” stellt fest, datt sech bei der Visite vum portugisesche

Premierminister António Costa hei zu Lëtzebuerg, op eng Rei Ofkommessen fir d‘Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Portugal, gëeenegt gouf. Eng vun dëse Vereenbarungen, nennt sech “memorandum of understanding“ a gesäit d’bildungspolitesch Fërderung vun der portugisescher Sprooch an der Grondschoul vir. Hei soll nieft dem integréiertem Unterrecht am Schoulsystem, elo och komplementaren Unterrecht realiséiert ginn.

“déi Konservativ” begréissen eise villsäitege Sproocheräichtem zu Lëtzebuerg, bedaueren allerdéngs zudéifst, datt d’Regierung d’Prioritéit fir d‘Lëtzebuerger Sprooch verkennt. Eiser Meenung no, ass d’Lëtzebuerger Sprooch dat wichtegst Integratiounsinstrument fir d’Schafung vun enger gëeenter Gesellschaft op Basis vun der Lëtzebuerger Identitéit, an d’Entwécklung vun engem gesonde Nationalbewosstsënn. Fir eis mussen d’Kanner aus auslännesche Communautéiten, iwwert Empfangsklassen mat der Lëtzebuerger Sprooch fir d’éischt der Integratioun déngend, ageschoult ginn, fir uschléissend zesumme mat de Lëtzebuerger, e gemeinsame, reguläre Schoulrythmus ze goen. Mir setzen op eng vollwäerteg an erfollegräich Integratioun, amplaz op Segregatioun a Parallelismus.

Aus dësem Grond fuerderen “déi Konservativ” een Ëmdenken an de Prioritéiten! Hei fuerdere mir primär, d’Aféierung vun engem traditionellem a professionellem Lëtzebuergeschcours an alle Schoulklasse vun der Grondschoul an de Lycéeën, an a vollster Paritéit a Vollwäertegkeet zu deenen anere Sproochefächer.

D’Lëtzebuerger Sprooch läit eis, als eis Nationalsprooch, prioritär um Häerz. Do donieft gedenke mir d’englesch Weltsprooch eenheetlech zu eisen offiziellen administrative Sproochen Däitsch a Franséisch, an de Mëttelpunkt vun der Educatioun ze stellen.

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung 06.04.2017 Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch! Pressematdeelung_2

Pressematdeelung  21.03.2017  Eng nei Partei ass gebuer

Pressematdeelung 21.03.2017 Eng nei Partei ass gebuer.

Pressematdeelung

21.03.2017

Eng nei Partei ass gebuer.
D’Partei „déi Konservativ“ huet d’Freed, fir d’Medien an d’Press iwwert hir Grënnung, den 21.

Mäerz 2017, z’informéieren.

Mat Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch an d’sozial Entwécklung vun eisem Land, a foussend op de Grondsätz vu Verfassung, Rechtsstaat, a konstitutionell-parlamentarescher Monarchie, huet sech am Interessi fir eist Land an eis Bierger, eng nei politesch Partei gegrënnt.

„déi Konservativ“ versti sech, getrei hire Statuten, als Partei op konservativer a patriotescher Grondlag, an hu mat hirem rechtleche Status, elo hir offiziell politesch Plaz a Legitimitéit an der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Et ass och gläichzäiteg eng Partei, déi sech dem Mainstream an der politescher Korrektheet entgéint stellt, a sech am vollsten Asaz fir d‘politesch Alternativen am Land engagéiert. „déi Konservativ“ ass eng nei politesch Chance! Getrei dem Papp vum Konservatismus, dem Edmund Burke dee soot, “when bad men combine, the good must associate; else they will fall one by one, an unpitied sacrifice in a contemptible struggle.”

D’Grënnungsversammlung vum 21. Mäerz 2017 huet e geschäftsféierende Virstand ernannt, mat ënner anerem, dem Joe Thein als Nationalpresident, dee bis zum éischten offiziellen an aussergewéinleche Nationalkongress den 10. Abrëll um 19h00 zu Rodange, d’Parteileedung vertrëtt. D’Partei wäert zu engem spéidere Moment, all weider Informatioune bekannt maachen.

gezeechent, déi Konservativ