Wahlofkommes minus eng Partei? pressematdeelung_4

déi Konservativ Pressematdeelung 14.04.2017 Wahlofkommes minus eng Partei?

déi Konservativ Pressematdeelung

14.04.2017

Wahlofkommes minus eng Partei?

D’Partei “déi Konservativ“ huet de 14. Abrëll 2017 zur Kenntnis geholl, datt d’Parteien eng gemeinsam Pressekonferenz zum Wahlofkommes aberuff, an ee géigesäitegen Accord, fir ee faire Gemengewahlkampf den 8. Oktober 2017, ënnerschriwwen hunn.

D’Partei bedauert zudéifst, net op dëse Rendez-vous invitéiert ginn ze sinn, an dat obwuel déi Konservativ, säit dem 21. Mäerz 2017, offizielle Status als politesch Partei hunn. Well d’Partei getrei hire Statuten den Interessi huet, beim demokrateschen a politesche Prozess am Land mat ze wierken, ass dëse symboleschen Akt, vu politescher Wichtegkeet.

Trotz der Tatsaach, datt déi Konservativ bei dësem demokratesche Prozess, als politesch Partei, ignoréiert an ausgeschloss goufen, verséchert d’Partei mat dëser Pressematdeelung an hirem Numm trotzdem, datt si d’Spillregele vum Wahlkampf respektéiert.

Mir fuerderen aus déifster demokratescher Iwwerzeegung, datt an Zukunft all d’politesch Parteien, déi een Interessi un dësem géigesäitege Verspriechen hunn, op e gemeinsamen Dësch geruff ginn. An engem demokratesche Land, gehéiert d’Gläichbehandlung vun de politesche Parteien zu enger Selbstverständlechkeet.

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung 11.04.2017 Déi Konservativ, d’politesch Alternativ!

Pressematdeelung

11.04.2017

Déi Konservativ, d’politesch Alternativ!

D’Partei „déi Konservativ“ huet den 10. Abrëll 2017, hire Nationalkongress an der Gemeng Péiteng, am Café Comeback zu Rodange ofgehalen.

D’Partei huet am Krees vu méi wéi fënnef-an-drësseg Leit, hir politesch Gebuertsstonn vum 21. Mäerz 2017 gefeiert, a mat hirem éischten, aussergewéinleche Nationalkongress, d’Partei offizialiséiert. An de Riede gouf d’Partei als politesch Alternativ zum Aalparteiesystem verkënnegt, an d’Noutwennegkeet vun enger Partei mat konservativer Parteiphilosophie, a klorer politescher Linn, begréisst. Déi Konservativ versti sech als konservativ, patriotesch a biergerlech.

Nieft dem Guttheesche vum Aktivitéitsbericht, Keessebericht, der Aarbecht vun der geschäftsféierender Parteileedung, souwéi de Statuten an dem Grondsazprogramm, gouf e neie Komitee fir d’Partei gewielt. De Joe Thein gouf unanime, a sengem Mandat als Nationalpresident, confirméiert. De Nationalkomitee vun déi Konservativ, setzt sech zesummen aus,

dem Nationalpresident Joe Thein,

de Vizepresidenten Mario May a Guy Malané,

der Generalsekretärin Monique Weber,

dem Generalkeessjee Patrick Thein,

de Nationalkomiteesmemberen Frederic Heuschling, Sandra Schwachtgen, Norbert Eckardt, Pol Morang, Damien Almeida, Fränk Schleich a Guy Peiffer,

souwéi de Keesserevisoren Maria Monteiro a Francis Birlenbach.

DÉI KONSERVATIV

Pressematdeelung 06.04.2017 Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

Pressematdeelung

06.04.2017

Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

D’Partei “déi Konservativ” stellt fest, datt sech bei der Visite vum portugisesche

Premierminister António Costa hei zu Lëtzebuerg, op eng Rei Ofkommessen fir d‘Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Portugal, gëeenegt gouf. Eng vun dëse Vereenbarungen, nennt sech “memorandum of understanding“ a gesäit d’bildungspolitesch Fërderung vun der portugisescher Sprooch an der Grondschoul vir. Hei soll nieft dem integréiertem Unterrecht am Schoulsystem, elo och komplementaren Unterrecht realiséiert ginn.

“déi Konservativ” begréissen eise villsäitege Sproocheräichtem zu Lëtzebuerg, bedaueren allerdéngs zudéifst, datt d’Regierung d’Prioritéit fir d‘Lëtzebuerger Sprooch verkennt. Eiser Meenung no, ass d’Lëtzebuerger Sprooch dat wichtegst Integratiounsinstrument fir d’Schafung vun enger gëeenter Gesellschaft op Basis vun der Lëtzebuerger Identitéit, an d’Entwécklung vun engem gesonde Nationalbewosstsënn. Fir eis mussen d’Kanner aus auslännesche Communautéiten, iwwert Empfangsklassen mat der Lëtzebuerger Sprooch fir d’éischt der Integratioun déngend, ageschoult ginn, fir uschléissend zesumme mat de Lëtzebuerger, e gemeinsame, reguläre Schoulrythmus ze goen. Mir setzen op eng vollwäerteg an erfollegräich Integratioun, amplaz op Segregatioun a Parallelismus.

Aus dësem Grond fuerderen “déi Konservativ” een Ëmdenken an de Prioritéiten! Hei fuerdere mir primär, d’Aféierung vun engem traditionellem a professionellem Lëtzebuergeschcours an alle Schoulklasse vun der Grondschoul an de Lycéeën, an a vollster Paritéit a Vollwäertegkeet zu deenen anere Sproochefächer.

D’Lëtzebuerger Sprooch läit eis, als eis Nationalsprooch, prioritär um Häerz. Do donieft gedenke mir d’englesch Weltsprooch eenheetlech zu eisen offiziellen administrative Sproochen Däitsch a Franséisch, an de Mëttelpunkt vun der Educatioun ze stellen.

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung 06.04.2017 Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch! Pressematdeelung_2

Pressematdeelung 21.03.2017 Eng nei Partei ass gebuer.

Pressematdeelung

21.03.2017

Eng nei Partei ass gebuer.
D’Partei „déi Konservativ“ huet d’Freed, fir d’Medien an d’Press iwwert hir Grënnung, den 21.

Mäerz 2017, z’informéieren.

Mat Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch an d’sozial Entwécklung vun eisem Land, a foussend op de Grondsätz vu Verfassung, Rechtsstaat, a konstitutionell-parlamentarescher Monarchie, huet sech am Interessi fir eist Land an eis Bierger, eng nei politesch Partei gegrënnt.

„déi Konservativ“ versti sech, getrei hire Statuten, als Partei op konservativer a patriotescher Grondlag, an hu mat hirem rechtleche Status, elo hir offiziell politesch Plaz a Legitimitéit an der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Et ass och gläichzäiteg eng Partei, déi sech dem Mainstream an der politescher Korrektheet entgéint stellt, a sech am vollsten Asaz fir d‘politesch Alternativen am Land engagéiert. „déi Konservativ“ ass eng nei politesch Chance! Getrei dem Papp vum Konservatismus, dem Edmund Burke dee soot, “when bad men combine, the good must associate; else they will fall one by one, an unpitied sacrifice in a contemptible struggle.”

D’Grënnungsversammlung vum 21. Mäerz 2017 huet e geschäftsféierende Virstand ernannt, mat ënner anerem, dem Joe Thein als Nationalpresident, dee bis zum éischten offiziellen an aussergewéinleche Nationalkongress den 10. Abrëll um 19h00 zu Rodange, d’Parteileedung vertrëtt. D’Partei wäert zu engem spéidere Moment, all weider Informatioune bekannt maachen.

gezeechent, déi Konservativ