D’neit Gesetz zur Fleegeversécherung: a Richtung desozialiséierte Mënsch?

Pressematdeelung 30.01.2018 D’neit Gesetz zur Fleegeversécherung: a Richtung desozialiséierte Mënsch?

D’Partei déi Konservativ hëlt mat selwechter Suerg, a schaarfer Kritik, wéi d’Federatioun Copas (Confédération des Organismes Prestataires d’Aides et de Soins) d’Changementer an der Fleegeversécherung zur Kenntnis, déi mam neie Gesetz, e gutt Stéck antisozial Realitéit ginn.

E gutt Beispill vun ënnerloossen Hëllef a Virsuerg, ass d’Bestrofung vu Mënsche mat Schicksal-Situatioun opgrond vun Alter, Krankheet, oder Handicap. De Verloscht vum Urecht op Prestatioune, wéi zum Beispill, d’Cours-Sortieën, sinn e Réckschrëtt an der sozialpolitescher Agenda.

D’Partei déi Konservativ gesäit an dësem onsozialen Ëmgang mat eisen eeleren a kranke Matbierger an der Gesellschaft, de Verloscht vu Respekt, Fräiheeten, an eegener Liewensregie, ma virun allem, eng kal Politik vu sozialer Exklusioun. An eisen Aen, geet dat d’neit Gesetz zur Fleegeversécherung e sozialfeindleche Wee, a Richtung vum desozialiséierte Mënsch.

Als Partei sti mir an Oppositioun zur Ofschafung vun Errongenschafte vun eisem Sozialstaat a fir d’Verdeedegung vun eiser Solidargemeinschaft. Nëmmen e Staat op de Piliere vu sozialer Verantwortung, kann de gudde Fonctionnement, an d’Iwwerliewe vum Sozialstaat verspriechen. Mir froen eis: Wat ass d’Zil vun dëser deplacéierter Spuermesure? Geet et ëm d’Suen, de Personalmangel oder de Käschtepunkt Patient?

Am Contraire zu eiser Regierung, proposéiere mir op kee Fall de sozialcharakteristeschen Ofbau a manner Ënnerstëtzung, mä definitiv méi Support a Revaloriséierung fir de Secteur vun der Fleeg. Et geet eis drëms, datt suwuel de Patient ewéi d’Salariat am soziale Service an Encadrement, sozio-medezinesche Professionalismus, a qualitativem Fokus stinn.

gezeechent,

déi Konservativ

Pressematdeelung 25.01.2018 Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch!

Pressematdeelung 25.01.2018 Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch!

Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch!
D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dëser Pressematdeelung op d’Aussoe vun der Europadeputéiert Mady Delvaux, déi an engem rezenten Interview iwwert Minoritéitssprooche gemengt huet, datt si kee Wäert gesäit, sech fir d’Lëtzebuerger Sprooch an der EU staark ze maachen, an domat keen Interessi weist, fir eiser Sprooch de Status als unerkannten EU-Sprooch ze ginn.

Nodeems d’EU wuel hirersäits, gudde Wëlle weist, fir d’Minoritéitssprooche wëllen op ze wäerten, ass d’Positioun an d’Reaktioun vun der Madame Delvaux, méi wéi politesch deplacéiert. Als EU-Deputéiert ass et hir Aufgab, déi national a souverän Interesse vum eegene Land am Europaparlament ze vertrieden, a sech politesch an diplomatesch, fir e gudde Stellewäert vun eiser Nationalsprooch op EU-Niveau z’engagéieren.

Als Grënnungsmember, an als vollwäertege Member vun der Europäescher Unioun säit Januar 1958, souwéi och schonns hire Virgängerverbänn, wëlle mir eist Land als wichtegt Zännrad vun der EU verstan a respektéiert wëssen. Trotz geografesch méi klenger Surface, an zueleméisseg méi klenger Populatioun, wëlle mir als Lëtzebuerg, genee ewéi all déi aner Memberlänner, vun de selwechte Rechter a selwechtem Matsproocherecht profitéieren an als gläichwäerteg EU-Memberland respektéiert ginn.

Et ass dat de falsche politesche Prinzip, wann et just ëmmer an exklusiv da gëlt Europa ze sinn, wann et ëm d’Eurorettungspolitik geet, oder sech alles ëm d’Flüchtlingspolitik dréit, awer d’EU-Virdeeler, wéi zum Beispill, d’Unerkennung vun eiser Sprooch an d’Souveränitéit vun eisem Land, als onwichteg Elementer an d’Abseits geroden. Déi Konservativ sti fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU Sprooch.

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung 07.01.2018 Nationalkongress 2018 … konservativ, patriotesch, fräiheetlech.

D’Partei déi Konservativ huet de 7. Januar 2018 hire Nationalkongress fir d’Joer 2018 an der “Brasserie Comeback” zu Rodange ofgehal, an dëst, mat engem ganz chargéierte Programm. Esou stoungen e.a, d’Presentatioun vun der Partei an d’Chamberwahlen am Mëttelpunkt vum Parteidag.

D’Partei huet sech och e neie Komitee ginn, fir d’politesch Geschécker an Zukunft ze leeden. Dës Pressematdeelung riicht sech un eis Parteimemberen, un d’Leit dobaussen, souwéi un d’Press an d’Medien, als Informatioun iwwert déi nei Parteispëtzt vun déi Konservativ.

Nationalpresident Joe THEIN

Vizepresidenten Filipe AMARO a Mario MAY

Generalsekretär(in) Nadine SIMON

Generalkeessjee Patrick THEIN

Membere vum Nationalkomitee Francis BIRLENBACH John DINCKELSPIEL Christian PUTZ Frederic HEUSCHLING SCHWACHTGEN Sandra Nadine BIRLENBACH-SIMON Yvonne WAGNER Monique WEBER Andy WINANDY

 

gezeechent, déi Konservativ

 

de pdf Pressematdeelung_21 erooflueden

Pressematdeelung_20

Pressematdeelung 05.12.2017 Wahlëmfro oder Wahltäuschung?

D’Partei déi Konservativ stellt fest, datt si eng vun deenen offizielle politesche Parteien ass, déi am neiste Sondage vum TNS Ilres Monitor vum 30. November 2017 ausser Uecht gelooss gouf. Dëst ass net déi éischte Kéier, datt eis Partei, “vergiess” gouf! Nieft eis als déi Konservativ, goufen och déi aner Klengparteien, ewéi d’Piratepartei, d’Partei fir Integral Demokratie an d’Kommunistesch Partei, systematesch lénks leie gelooss an als politesch an demokratesch Optioun vum Bierger a Wieler ausgeschloss. Dës politesch Benodeelegung ass eng Diskriminéierung.

Wëll een de Bols am Vollek fillen, an d’politesch Stëmmung am Land richteg analyséieren, muss all Partei am politesche Sondage consideréiert ginn, an domat d’Parteielandschaft zu Lëtzebuerg, op eng realitéitsgetrei, ganzheetlech an objektiv Art a Weis erëm gi ginn!

Wuelwëssend, datt esou eng Ëmfro ni ganz representativ ass, sou sollt een d’Resultat awer op kee Fall duerch e falsche Spillprinzip, an eng feelerhaft Methodik verfälsche goen. Dës Feststellung ass och fir d’Credibilitéit an d’Professionalitéit vum Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres wichteg!

Mir fuerdere fir d’Zukunft, datt déi Konservativ als politesch Partei, wéi all déi aner, hire Stellewäert an hir Plaz an de Sondagen a Meenungsëmfroen anhuelen an domat e Stéck méi Demokratie gewot gëtt.

 

gezeechent, déi Konservativ

 

Pressematdeelung_20 erooflueden

Pressematdeelung_19xx

Pressematdeelung 29.11.2017 Eis Positioun: Fir d’gewerkschaftlech Sozialinteressen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert, op Demande vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, per Pressematdeelung op déi aktuell Diskussiounen ëm’t de Reformstatus an d’politesch Fuerderungen säitens der Fonction Publique un d’Adresse vun de politesche Parteien an d’Regierung.

Als Partei, bezéie mir eis gären op eis jéngst Pressematdeelung vum 16. November 2017 mam Titel “Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique!”, wou mir eis schonns decidéiert, géint d’Opmaache vum ëffentlechen Déngscht fir d’Auslänner, ausgeschwat hunn.

D’Reformpunkten dréien allerdéngs och ëm’t de sozialpolitesche Charakter vun eiser Fonction Publique: D’Partei déi Konservativ, stellt sech op d’Säit vun de gewerkschaftleche Sozialinteressen, a verlaangt, datt de soziale Charakter am Staatsdéngscht gewort an erhale bleift!

Mir sinn der Meenung, datt d’80/80/90-Regelung eng sozial Diskriminéierung am Staatsdéngscht ass. D’Recht op 100% Pai, muss jiddfer Staatsbeamte garantéiert sinn. Iwwerdeems wëlle mir deene jonken, an neie Beamten, keng Steng an d’Féiss leeë fir eng Karriär am Staatsdéngscht!

Fir ee gesond a soziaalt Aarbechtsklima am ëffentleche Staatsdéngscht, ass an eisen Aen, och d’Aféierung vun engem Bewäertungssystem just vu Nodeel. Als Partei sti mir fir d’Vertrauen an d’Kompetenzen, an an d’Professionalitéit vun eiser Fonction Publique!

Mir wëllen d’Staatsbeamtschaft op kee Fall duerch onseriö Reformen, a kontrovers Experimenter, op d’politesch Prouf stellen! D’Initiativ fir d’Reform vum Staatsexamen ass ze begréissen.

gezeechent,

déi Konservativ

Pressematdeelung_19xx

pressematdeelung_18x2

Pressematdeelung 24.11.2017 Fir den Erhalt vun der Gesellschaftsethik: Et gi just zwou Geschlechtsidentitéiten!

D’Partei déi Konservativ stellt mat Skepsis a Kritik fest, datt sech de Regierungsrot den
12. Mee 2017 mat enger gender-politescher Fro chargéiert huet, fir iwwert d’Aféierung
vun engem drëtte Geschlecht am Etat Civil no ze denken, a sech, geméis ganz
ëmstriddene Resolutioune vum Europarot, un der Iddi vun enger méi “breeder Offer u
Gechlechter” an der Gesellschaftspolitik ze bedeelegen.

Nieft de Naturgeschlechter “Männlech” a “Weiblech”, soll elo och an Zukunft e
konstruéiert Geschlecht “Positiv” an de Gesellschaftskodex geruff ginn, wou sech
Jidderee säi Geschlecht op Pabeier auswiele kann. Och Terminologien ewéi
“Geschlecht X” oder “Geschlecht onspezifesch” oder aner/méi Geschlechtsformen, si
geméis der Gendertheorie am Ëmlaf, a sollen d’Akzeptanz an d’Toleranz vun
Intersexualitéit reclaméieren.

Déi Konservativ sinn der Meenung, datt déi ideologesch Fuerderung,
d’Gesellschaftethik a Fro stellt an op d’Kopp gehäit, a just nei Diskriminéierunge
schaaft. Als Partei triede mir fir d’Geschlechtsidentitéit Mann a Fra an, a positionéieren
eis och mat liberal-konservativem Grondsaz, gäre fir d’Fräiheet an d’Privatsphär an der
Sexualitéit tëscht zwee Erwuëssenen. Alles wat awer d’Definitioun vun der
Geschlechtisdentitéit a Fro stellt an iwwert d’Grenze geet, ass selwer a Fro ze stellen!

Mir sinn als Partei géint déi neimoudesch a pseudowëssenschaftlech Gendertheorie,
hir Iddien, Konzepter an Ziiler. Net alles wat modern a progressiv schéngt, ass
onbedéngt noutwenneg oder förderlech. Fir eis ass d’Dokterei um
Gesellschaftskonzept keng Iddi! Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Prioritéiten an
d’Noutwennegkeeten an enger besserer Familljepolitik leien.

gezeechent,
déi Konservativ

pressematdeelung_18x2 erooflueden

Pressematdeelung_17

Pressematdeelung 22.11.2017 E bëssen Tempo mam Vermummungsverbuet!

D’Partei déi Konservativ stellt mat Bedauere fest, datt de Gesetzprojet 7179 – oder am Volleksmond d’Burkagesetz, ee negativen Avis vum Staatsrot krut; dëst, nodeems exakt Präzisiounen fir d’Verfassungskonformitéit am Text vum Gesetzprojet feelen. Duerch dësen Ëmstand, verzögert sech d’Akraaftriede vun engem wichtege Gesetz zur allgemenger, ëffentlecher Sécherheet.

Nom negativem Avis vum Staatsrot, fuerdere mir een direkte Retour vum Gesetzprojet an d’Chamber souwéi d’Komissiounen, fir datt eng politesch Nobesserung op där Grondlag geschitt. Mir sinn als Partei och der Meenung, datt den Dossier nach virun de nächste Chamberwahlen am Oktober 2018 um Ordre du Jour stoe sollt, fir datt sech d’Regierung net politescht laanscht d’Affär knujelt.

Et sief an eiser Pressematdeelung nach ugemierkt, datt déi Konservativ als Partei, fir een 100% restriktiivt Vermummungsverbuet op nationalem Niveau stinn. Fir eis geet et bei dësem Thema, virun allem ëm Froe vu Sécherheet an Integratioun.

gezeechent, déi Konservativ

 

Pressematdeelung_17

Pressematdeelung_16

Pressematdeelung 21.11.2017 Keng Ausbeutungspolitik am Privatsecteur ass d’Léisung!

D’Partei déi Konservativ schléisst sech mat dëser Pressematdeelung gären der
Gewerkschaftskritik un, a steet genee ewéi si, fir déi politesch a sozial
Interessevertriedung am Beruffsliewen, sou zum Beispill am Dossier vun der
Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce.

Als Partei si mir der Meenung, datt de Verdéngscht, de Congé,
d’Aarbechtskonditiounen, an d’Rechter vum Salarié am Mëttelpunkt vum
Aarbechtswiese stoe sollten. Als Partei vermëttele mir der Politik gären, bei hirer Sich
no Léisungen, datt d’Léisung net an der Ausbeutungspolitik vum Privatsecteur an dem
schaffende Vollek läit!
Mir sinn der Meenung, datt d’Fuerderung vun der Handelsconfederatioun CLC, an
d’Iddi fir extreme Konsumkapitalismus a Vollliberaliséierung, net de richtege Wee an e
sozialgerecht Aarbechtswiesen ass! Déi typesch Ëffnungszäiten, wou schonns elo och
d’Sonndeger periodesch op sinn, ginn der Geschäftswelt, de Salariéeën an de Clienten
méi wéi gerecht.

gezeechent,
déi Konservativ

Pressematdeelung_16