Pressematdeelung_26

déi Konservativ Pressematdeelung 24.04.2018 Deklaratioun zur Lag vum „Loftschlass” Lëtzebuerg!

D’Partei déi Konservativ huet mat Interessi, d’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun vum 24.Abrëll 2018 zur Kenntnis geholl – e wichtegen Zäitpunkt an der Politik, fir am Numm vun der Regierung, national Rechenschaft géintiwwer der Lëtzebuerger Natioun of ze leeën. Et geet an där Staatsdeklaratioun mat Verweis op d’Regierungspolitik, ëm déi politesch Bilanz, ëm de politesche Réck- an Ausbléck, ëm d’Interessen an d’Prioritéite vu Land a Leit…

D’lescht Joer, hu mir d’Ried vum Här Staatsminister, als eng «simplistesch a populistesch Deklaratioun» bewäert, nodeems d’Regierung net mat Realismus, reelle Léisungen an neigewonnener Erkenntnis, eng pragmatesch a glafwierdeg Zukunftsstrategie fir Lëtzebuerg zeechne konnt. Dëst Joer, elo um Enn vun der Legislaturperiod, no fënnef Joer Koalitiounspolitik vun DP-LSAP-Gréng, war schonns no just fofzeg Minutte, Chamberschluss:D’Deklaratioun steet an eisen Aen, fir d’Enn vun den Iddien a Visiounen, fir d’Aus an d’Kapitulatioun vun der Gambiakoalitioun! Et war eng «Deklaratioun zur Lag vum Loftschlass Lëtzebuerg!». Esou e Volleksoptrag erfuerdert eng staatsmännesch Presentatioun vun der nationalpolitescher Lag.

Net d’Meeschterleeschtung vun der Regierung, mä déi allgemeng gutt Wirtschaftskonjunktur, ass d’Erklärung fir d’Finanzsituatioun vum Staat. Dës läit trotz Wirtschaftswuesstem, ëmmer nach bei engem Haushalt vu Milliounen € Defizit, a bei Milliarden € Emprunt a Staatsschold.Mä d’Regierung, si ass iwwerzeegt, Lëtzebuerg hätt d’Plaz un der Sonn, wier kärgesond, a feiert sech selwer, fir ee Wuesstem mat Staatsschold an allerlee politesche Schantejer am Land.

Och d’Schoul-, d’Familljen-, d’Transport- an d’Europapolitik, déi de Staatsminister als Haaptsujeten a senger Ried, mat Luef a Bravour fir d’Regierung, thematiséiert huet, gounge komplett laanscht d’Realitéit, et feelt u Léisungsusäz: E Bobo gepléischtert, heescht op kee Fall, datt de gesamtpolitesche Problem un der Wuerzel geléist ass! Et ginn an dësePolitikfelder, nach ëmmer reell Hausaufgaben, an d’Reforme si bis ewell keng Erléisung! Fir aner, kriddeleg Themen, gouf et just Bemierkungen um Rand, z.B fir d’Identitéits- and’Immigratiounspolitik, d’Integratioun, d’Sécherheet, de Sozialstaat, asw. Nach manner wéi keng Positioun, gouf et z.B beim Populatiounswuesstem, der Wunnengsmaartproblematik, oder méi Demokratie am Land. Mir deelen den Hurrapatriotismus vun der Regierungskoalitioun net. Dëst Joer ass e Schicksalswahljoer fir Gambia!

Mir deele mat: Fir den 1. Juli 2018 ass d’Publikatioun vum Chamberwahlmanifest vun déi Konservativ geplangt.

gezeechent, déi Konservativ

PDF Pressematdeelung 24.04.2018 Deklaratioun zur Lag vum „Loftschlass” Lëtzebuerg!

Pressematdeelung  21.03.2017  Eng nei Partei ass gebuer

Pressematdeelung 21.03.2017 Eng nei Partei ass gebuer.

Pressematdeelung

21.03.2017

Eng nei Partei ass gebuer.
D’Partei „déi Konservativ“ huet d’Freed, fir d’Medien an d’Press iwwert hir Grënnung, den 21.

Mäerz 2017, z’informéieren.

Mat Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch an d’sozial Entwécklung vun eisem Land, a foussend op de Grondsätz vu Verfassung, Rechtsstaat, a konstitutionell-parlamentarescher Monarchie, huet sech am Interessi fir eist Land an eis Bierger, eng nei politesch Partei gegrënnt.

„déi Konservativ“ versti sech, getrei hire Statuten, als Partei op konservativer a patriotescher Grondlag, an hu mat hirem rechtleche Status, elo hir offiziell politesch Plaz a Legitimitéit an der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Et ass och gläichzäiteg eng Partei, déi sech dem Mainstream an der politescher Korrektheet entgéint stellt, a sech am vollsten Asaz fir d‘politesch Alternativen am Land engagéiert. „déi Konservativ“ ass eng nei politesch Chance! Getrei dem Papp vum Konservatismus, dem Edmund Burke dee soot, “when bad men combine, the good must associate; else they will fall one by one, an unpitied sacrifice in a contemptible struggle.”

D’Grënnungsversammlung vum 21. Mäerz 2017 huet e geschäftsféierende Virstand ernannt, mat ënner anerem, dem Joe Thein als Nationalpresident, dee bis zum éischten offiziellen an aussergewéinleche Nationalkongress den 10. Abrëll um 19h00 zu Rodange, d’Parteileedung vertrëtt. D’Partei wäert zu engem spéidere Moment, all weider Informatioune bekannt maachen.

gezeechent, déi Konservativ