Pressematdeelung 23.04.2019 Eis Partei an déifster Trauer: Äddi Groussherzog Jean!

Pressematdeelung

23.04.2019 Eis Partei an déifster Trauer:

Äddi Groussherzog Jean!

Haut um 23. Abrëll 2019 erfuere mir déi traureg Neiegkeet, datt eise fréiere Staatschef, de Groussherzog Jean verstuerwen ass. D’Fändele stinn op Hallefmast, d’Natioun ass a gréisster Trauer, a mat hir, och déi konservativ Partei: Mir drécken dem groussherzoglechen Haff, eist déift Bäileed aus! Wa mir dem Groussherzog Jean Äddi soen, da mam gréisste Respekt fir seng joerzéngtelaang Regentschaft, säin zäitliewenden Déngscht fir d’Land, an all seng geschate Verdéngschter, besonnesch säi militäreschen a patrioteschen Asaz am 2. Weltkrich – mat un der Säit vun den Alliéierten – fir d’Befreiung vu Lëtzebuerg.

Als Partei, déi mir eis ëmmer trei zum Land, zur Monarchie, an zur Kroun bekannt hunn, trëfft et eis zudéifst, de Verloscht vun engem esou grousse Staatsmann. Hien hëlt mat sengem Dout, eng éierbar an onvergiesslech Plaz, an der Geschicht vu Lëtzebuerg an.

 

gezeechent, déi Konservativ

 

Pressematdeelung 15.04.2019 D’Kathedral “Notre-Dame” a Flaamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!

Léif Frënn vun déi Konservativ,

Hei d’Pressematdeelung vum 15.04.2019 mam Titel “D’Kathedral “Notre-Dame” a Flaamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!”

déi Konservativ

 

DÉI KONSERVATIV

Pressematdeelung 15.04.2019

D’Kathedral “Notre-Dame” a Flaamen:

 

Eis Solidaritéit mat Frankräich!

Et ass mat grousser Trauer, datt d’Partei déi Konservativ op déi schrecklech Noriicht reagéiert, datt d’Kathedral “Notre-Dame” zu Paräis, onwidderufflech zerstéiert gouf. D’Feier an d’Flamen, hunn e nationaalt Worzeechen a Weltkulturierwen, an doriwwer eraus, e wäertvollen, historesche, kulturellen a reliéise Patrimoine am Häerze vu Frankräich zerstéiert. Eis Partei dréckt, an dësen tragesche Stonnen, hir déifste Solidaritéit mam franséische Vollek aus.

C’est avec une grande tristesse que notre parti politique déi Konservativ (les Conservateurs) réagit à la terrible nouvelle, selon laquelle, la cathédrale « Notre-Dame de Paris » a été irrévocablement détruite.

Le feu et les flammes ont détruit un monument national et trésor culturel mondial, et, au-delà, un patrimoine historique, culturel et religieux au cœur de la France. Notre parti politique exprime, en ces heures tragiques, sa plus profonde solidarité avec le peuple français.

 

gezeechent, déi Konservativ

 

Pressematdeelung_26

déi Konservativ Pressematdeelung 24.04.2018 Deklaratioun zur Lag vum „Loftschlass” Lëtzebuerg!

D’Partei déi Konservativ huet mat Interessi, d’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun vum 24.Abrëll 2018 zur Kenntnis geholl – e wichtegen Zäitpunkt an der Politik, fir am Numm vun der Regierung, national Rechenschaft géintiwwer der Lëtzebuerger Natioun of ze leeën. Et geet an där Staatsdeklaratioun mat Verweis op d’Regierungspolitik, ëm déi politesch Bilanz, ëm de politesche Réck- an Ausbléck, ëm d’Interessen an d’Prioritéite vu Land a Leit…

D’lescht Joer, hu mir d’Ried vum Här Staatsminister, als eng «simplistesch a populistesch Deklaratioun» bewäert, nodeems d’Regierung net mat Realismus, reelle Léisungen an neigewonnener Erkenntnis, eng pragmatesch a glafwierdeg Zukunftsstrategie fir Lëtzebuerg zeechne konnt. Dëst Joer, elo um Enn vun der Legislaturperiod, no fënnef Joer Koalitiounspolitik vun DP-LSAP-Gréng, war schonns no just fofzeg Minutte, Chamberschluss:D’Deklaratioun steet an eisen Aen, fir d’Enn vun den Iddien a Visiounen, fir d’Aus an d’Kapitulatioun vun der Gambiakoalitioun! Et war eng «Deklaratioun zur Lag vum Loftschlass Lëtzebuerg!». Esou e Volleksoptrag erfuerdert eng staatsmännesch Presentatioun vun der nationalpolitescher Lag.

Net d’Meeschterleeschtung vun der Regierung, mä déi allgemeng gutt Wirtschaftskonjunktur, ass d’Erklärung fir d’Finanzsituatioun vum Staat. Dës läit trotz Wirtschaftswuesstem, ëmmer nach bei engem Haushalt vu Milliounen € Defizit, a bei Milliarden € Emprunt a Staatsschold.Mä d’Regierung, si ass iwwerzeegt, Lëtzebuerg hätt d’Plaz un der Sonn, wier kärgesond, a feiert sech selwer, fir ee Wuesstem mat Staatsschold an allerlee politesche Schantejer am Land.

Och d’Schoul-, d’Familljen-, d’Transport- an d’Europapolitik, déi de Staatsminister als Haaptsujeten a senger Ried, mat Luef a Bravour fir d’Regierung, thematiséiert huet, gounge komplett laanscht d’Realitéit, et feelt u Léisungsusäz: E Bobo gepléischtert, heescht op kee Fall, datt de gesamtpolitesche Problem un der Wuerzel geléist ass! Et ginn an dësePolitikfelder, nach ëmmer reell Hausaufgaben, an d’Reforme si bis ewell keng Erléisung! Fir aner, kriddeleg Themen, gouf et just Bemierkungen um Rand, z.B fir d’Identitéits- and’Immigratiounspolitik, d’Integratioun, d’Sécherheet, de Sozialstaat, asw. Nach manner wéi keng Positioun, gouf et z.B beim Populatiounswuesstem, der Wunnengsmaartproblematik, oder méi Demokratie am Land. Mir deelen den Hurrapatriotismus vun der Regierungskoalitioun net. Dëst Joer ass e Schicksalswahljoer fir Gambia!

Mir deele mat: Fir den 1. Juli 2018 ass d’Publikatioun vum Chamberwahlmanifest vun déi Konservativ geplangt.

gezeechent, déi Konservativ

PDF Pressematdeelung 24.04.2018 Deklaratioun zur Lag vum „Loftschlass” Lëtzebuerg!

pressematdeelung_25

déi Konservativ Pressematdeelung 28.02.2018 Eis Democracy an d’Wielgeheimnis sinn helleg!

déi Konservativ Pressematdeelung

28.02.2018

Eis Democracy an d’Wielgeheimnis sinn helleg!

D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dësem Schreiwes op de Gesetzesprojet 7118, deen Ännerungen an Adaptatioune fir d’Bréifwiel virgesäit an déi haut, um 28. Februar 2018, politesch Diskussioun an der Chamber ass. D’Partei hëlt mat Mësstrauen zwou Propositiounen vum Projet de loi zur Kenntnis;

  •   datt d’Bréifwiel universaliséiert a generaliséiert gëtt, ouni Justifikatiounen, Restriktiounen a Konditiounen, dat heescht, eng Gläichstellung vu Bréifwiel a klasseschem Wahlrecht,
  •   datt de Prinzip vu fënnef Joer, onënnerbrachener Residenszäit zu Lëtzebuerg bei de Gemengerotswahlen, duerch de simpele Noweis vu leschtem Joer Residenszäit changéiert gëtt;

    Déi Konservativ sinn, geméis hirer politescher Analys vun de siwe Modifikatiounen, zur Conclusioun komm, datt zwou punktuell Ännerungen an der Gesetzeslag, net déi richteg Optioun fir méi oder besser Demokratie sinn.

1. Mat der neier Grondlag fir d’Bréifwiel, riskéiert déi fräi Wiel an d’Wielgeheimnis a Fro gestallt ze ginn. Hei gëtt d’Gefor gelaf, datt jee no Intérêt, politesch oder onfräiwëlleg Aflossnam op de Wieler ausgeübt ka ginn, oder de „secret de vote“ eng ze vill grouss Transparenz weist. Och de Staatsrot huet a sengem Avis, op berechtegt Kritik um Gesetzestext higewisen.

2. Mat der Ouverture vum Auslännerwahlrecht bei de Gemengerotswahlen fir EU- Auslänner am Joer 1999, souwéi d’Erweiderung op Auslänner aus Drëttstaaten am Joer 2003, ass d’Participatioun vun auslännesche Communautéiten op lokalem Plang, scho laang politesch Realitéit. Eis Partei mengt, datt dëse 5-järege Residenznoweis déi lescht an eenzeg Konditioun vu politescher Souveränitéit op lokalem Plang ass, a garantéiert bleiwe soll.

Als Partei proposéiere mir allerdéngs d’Ëmsetzung vu méi direkter Demokratie duerch Referenden, an d’Schafung vun engem eenheetleche, nationale Wahlbezierk. Schued ëm e reelle Fortschrëtt, deen hei verpasst gouf…

gezeechent, déi Konservativ

 

de PDF erooflueden Pressematdeelung_25

Als klenge Rappell: Eis Positioun zum CGFP-Ultimatum.

Pressematdeelung 19.02.2018 Als klenge Rappell: Eis Positioun zum CGFP-Ultimatum.

D’Partei déi Konservativ mellt sech via Pressematdeelung op e Neits zu Wuert, well si, bezunn op den CGFP-Ultimatum, engersäits nach eemol de Rappel fir hir politesch Positioun maache wëll, anerersäits, op d’Pressematdeelunge vum 16.11.2017 mam Titel “Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique!” a vum 29.11.2017 mam Titel “Eis Positioun: Fir d’gewerkschaftlech Sozialinteressen!” verweise wëll, déi un d’Lëtzebuerger Press goungen. Déi Konservativ hu mat Zäite, Kloertext geschwat. Mir bezéien eis mat dësem Schreiwes, nach eemol gäre konkret op déi wichtegst Punkten, déi d’aktuell Reformpolitik vum Staatsdéngscht betreffen.

  1. Mir vertrieden d’Positioun, datt d’Fonction Publique eng lëtzebuergesch Institutioun mat nationalsouveränem Exercice bleift, a keng weider politesch Internationaliséierung erlieft, dat heescht, keng méi wäit Ouverture fir Auslänner, an de Respekt fir déi wichteg Beruffsconditioune Lëtzebuerger Sprooch a Nationalitéit (als Erënnerung: Schonns 2009 ass d’Lëtzebuerger Nationalitéit fir d’europäesch Identitéit als Kritär geweecht an domat och deels eng Entnationaliséierung a Kraaft getrueden.)
  2. Mir vertrieden d’Positioun, datt de sozialpolitesche Charakter an der Fonction Publique erhale bleift, dat heescht, datt d’antisozial Diskriminéierung an der Paieregelung, de System 80/80/90, kee positive Reformpunkt ass an ofgeschaaft gehéiert.
  3. Mir vertrieden d’Positioun, datt de Bewäertungssystem kee gudde Bäitrag fir e gesond Aarbechtsklima ass, a wuel éischter e Beruffsiërgernes fir d’Staatsbeamteschaft ass.
  4. Déi Konservativ vertrieden d’Positioun, datt de primäersten Akzent op enger integraler Reform vum Staatsexame läit.gezeechent, déi Konservativ
D’neit Gesetz zur Fleegeversécherung: a Richtung desozialiséierte Mënsch?

Pressematdeelung 30.01.2018 D’neit Gesetz zur Fleegeversécherung: a Richtung desozialiséierte Mënsch?

D’Partei déi Konservativ hëlt mat selwechter Suerg, a schaarfer Kritik, wéi d’Federatioun Copas (Confédération des Organismes Prestataires d’Aides et de Soins) d’Changementer an der Fleegeversécherung zur Kenntnis, déi mam neie Gesetz, e gutt Stéck antisozial Realitéit ginn.

E gutt Beispill vun ënnerloossen Hëllef a Virsuerg, ass d’Bestrofung vu Mënsche mat Schicksal-Situatioun opgrond vun Alter, Krankheet, oder Handicap. De Verloscht vum Urecht op Prestatioune, wéi zum Beispill, d’Cours-Sortieën, sinn e Réckschrëtt an der sozialpolitescher Agenda.

D’Partei déi Konservativ gesäit an dësem onsozialen Ëmgang mat eisen eeleren a kranke Matbierger an der Gesellschaft, de Verloscht vu Respekt, Fräiheeten, an eegener Liewensregie, ma virun allem, eng kal Politik vu sozialer Exklusioun. An eisen Aen, geet dat d’neit Gesetz zur Fleegeversécherung e sozialfeindleche Wee, a Richtung vum desozialiséierte Mënsch.

Als Partei sti mir an Oppositioun zur Ofschafung vun Errongenschafte vun eisem Sozialstaat a fir d’Verdeedegung vun eiser Solidargemeinschaft. Nëmmen e Staat op de Piliere vu sozialer Verantwortung, kann de gudde Fonctionnement, an d’Iwwerliewe vum Sozialstaat verspriechen. Mir froen eis: Wat ass d’Zil vun dëser deplacéierter Spuermesure? Geet et ëm d’Suen, de Personalmangel oder de Käschtepunkt Patient?

Am Contraire zu eiser Regierung, proposéiere mir op kee Fall de sozialcharakteristeschen Ofbau a manner Ënnerstëtzung, mä definitiv méi Support a Revaloriséierung fir de Secteur vun der Fleeg. Et geet eis drëms, datt suwuel de Patient ewéi d’Salariat am soziale Service an Encadrement, sozio-medezinesche Professionalismus, a qualitativem Fokus stinn.

gezeechent,

déi Konservativ

Pressematdeelung 25.01.2018 Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch!

Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch!
D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dëser Pressematdeelung op d’Aussoe vun der Europadeputéiert Mady Delvaux, déi an engem rezenten Interview iwwert Minoritéitssprooche gemengt huet, datt si kee Wäert gesäit, sech fir d’Lëtzebuerger Sprooch an der EU staark ze maachen, an domat keen Interessi weist, fir eiser Sprooch de Status als unerkannten EU-Sprooch ze ginn.

Nodeems d’EU wuel hirersäits, gudde Wëlle weist, fir d’Minoritéitssprooche wëllen op ze wäerten, ass d’Positioun an d’Reaktioun vun der Madame Delvaux, méi wéi politesch deplacéiert. Als EU-Deputéiert ass et hir Aufgab, déi national a souverän Interesse vum eegene Land am Europaparlament ze vertrieden, a sech politesch an diplomatesch, fir e gudde Stellewäert vun eiser Nationalsprooch op EU-Niveau z’engagéieren.

Als Grënnungsmember, an als vollwäertege Member vun der Europäescher Unioun säit Januar 1958, souwéi och schonns hire Virgängerverbänn, wëlle mir eist Land als wichtegt Zännrad vun der EU verstan a respektéiert wëssen. Trotz geografesch méi klenger Surface, an zueleméisseg méi klenger Populatioun, wëlle mir als Lëtzebuerg, genee ewéi all déi aner Memberlänner, vun de selwechte Rechter a selwechtem Matsproocherecht profitéieren an als gläichwäerteg EU-Memberland respektéiert ginn.

Et ass dat de falsche politesche Prinzip, wann et just ëmmer an exklusiv da gëlt Europa ze sinn, wann et ëm d’Eurorettungspolitik geet, oder sech alles ëm d’Flüchtlingspolitik dréit, awer d’EU-Virdeeler, wéi zum Beispill, d’Unerkennung vun eiser Sprooch an d’Souveränitéit vun eisem Land, als onwichteg Elementer an d’Abseits geroden. Déi Konservativ sti fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU Sprooch.

gezeechent, déi Konservativ

Pressematdeelung_21

Pressematdeelung 07.01.2018 Nationalkongress 2018 … konservativ, patriotesch, fräiheetlech.

D’Partei déi Konservativ huet de 7. Januar 2018 hire Nationalkongress fir d’Joer 2018 an der “Brasserie Comeback” zu Rodange ofgehal, an dëst, mat engem ganz chargéierte Programm. Esou stoungen e.a, d’Presentatioun vun der Partei an d’Chamberwahlen am Mëttelpunkt vum Parteidag.

D’Partei huet sech och e neie Komitee ginn, fir d’politesch Geschécker an Zukunft ze leeden. Dës Pressematdeelung riicht sech un eis Parteimemberen, un d’Leit dobaussen, souwéi un d’Press an d’Medien, als Informatioun iwwert déi nei Parteispëtzt vun déi Konservativ.

Nationalpresident Joe THEIN

Vizepresidenten Filipe AMARO a Mario MAY

Generalsekretär(in) Nadine SIMON

Generalkeessjee Patrick THEIN

Membere vum Nationalkomitee Francis BIRLENBACH John DINCKELSPIEL Christian PUTZ Frederic HEUSCHLING SCHWACHTGEN Sandra Nadine BIRLENBACH-SIMON Yvonne WAGNER Monique WEBER Andy WINANDY

 

gezeechent, déi Konservativ

 

de pdf Pressematdeelung_21 erooflueden

Pressematdeelung_20

Pressematdeelung 05.12.2017 Wahlëmfro oder Wahltäuschung?

D’Partei déi Konservativ stellt fest, datt si eng vun deenen offizielle politesche Parteien ass, déi am neiste Sondage vum TNS Ilres Monitor vum 30. November 2017 ausser Uecht gelooss gouf. Dëst ass net déi éischte Kéier, datt eis Partei, “vergiess” gouf! Nieft eis als déi Konservativ, goufen och déi aner Klengparteien, ewéi d’Piratepartei, d’Partei fir Integral Demokratie an d’Kommunistesch Partei, systematesch lénks leie gelooss an als politesch an demokratesch Optioun vum Bierger a Wieler ausgeschloss. Dës politesch Benodeelegung ass eng Diskriminéierung.

Wëll een de Bols am Vollek fillen, an d’politesch Stëmmung am Land richteg analyséieren, muss all Partei am politesche Sondage consideréiert ginn, an domat d’Parteielandschaft zu Lëtzebuerg, op eng realitéitsgetrei, ganzheetlech an objektiv Art a Weis erëm gi ginn!

Wuelwëssend, datt esou eng Ëmfro ni ganz representativ ass, sou sollt een d’Resultat awer op kee Fall duerch e falsche Spillprinzip, an eng feelerhaft Methodik verfälsche goen. Dës Feststellung ass och fir d’Credibilitéit an d’Professionalitéit vum Meenungsfuerschungsinstitut TNS Ilres wichteg!

Mir fuerdere fir d’Zukunft, datt déi Konservativ als politesch Partei, wéi all déi aner, hire Stellewäert an hir Plaz an de Sondagen a Meenungsëmfroen anhuelen an domat e Stéck méi Demokratie gewot gëtt.

 

gezeechent, déi Konservativ

 

Pressematdeelung_20 erooflueden

Pressematdeelung_19xx

Pressematdeelung 29.11.2017 Eis Positioun: Fir d’gewerkschaftlech Sozialinteressen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert, op Demande vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, per Pressematdeelung op déi aktuell Diskussiounen ëm’t de Reformstatus an d’politesch Fuerderungen säitens der Fonction Publique un d’Adresse vun de politesche Parteien an d’Regierung.

Als Partei, bezéie mir eis gären op eis jéngst Pressematdeelung vum 16. November 2017 mam Titel “Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique!”, wou mir eis schonns decidéiert, géint d’Opmaache vum ëffentlechen Déngscht fir d’Auslänner, ausgeschwat hunn.

D’Reformpunkten dréien allerdéngs och ëm’t de sozialpolitesche Charakter vun eiser Fonction Publique: D’Partei déi Konservativ, stellt sech op d’Säit vun de gewerkschaftleche Sozialinteressen, a verlaangt, datt de soziale Charakter am Staatsdéngscht gewort an erhale bleift!

Mir sinn der Meenung, datt d’80/80/90-Regelung eng sozial Diskriminéierung am Staatsdéngscht ass. D’Recht op 100% Pai, muss jiddfer Staatsbeamte garantéiert sinn. Iwwerdeems wëlle mir deene jonken, an neie Beamten, keng Steng an d’Féiss leeë fir eng Karriär am Staatsdéngscht!

Fir ee gesond a soziaalt Aarbechtsklima am ëffentleche Staatsdéngscht, ass an eisen Aen, och d’Aféierung vun engem Bewäertungssystem just vu Nodeel. Als Partei sti mir fir d’Vertrauen an d’Kompetenzen, an an d’Professionalitéit vun eiser Fonction Publique!

Mir wëllen d’Staatsbeamtschaft op kee Fall duerch onseriö Reformen, a kontrovers Experimenter, op d’politesch Prouf stellen! D’Initiativ fir d’Reform vum Staatsexamen ass ze begréissen.

gezeechent,

déi Konservativ

Pressematdeelung_19xx