Pressematdeelung 23.04.2019 Eis Partei an déifster Trauer: Äddi Groussherzog Jean!

Pressematdeelung

23.04.2019 Eis Partei an déifster Trauer:

Äddi Groussherzog Jean!

Haut um 23. Abrëll 2019 erfuere mir déi traureg Neiegkeet, datt eise fréiere Staatschef, de Groussherzog Jean verstuerwen ass. D’Fändele stinn op Hallefmast, d’Natioun ass a gréisster Trauer, a mat hir, och déi konservativ Partei: Mir drécken dem groussherzoglechen Haff, eist déift Bäileed aus! Wa mir dem Groussherzog Jean Äddi soen, da mam gréisste Respekt fir seng joerzéngtelaang Regentschaft, säin zäitliewenden Déngscht fir d’Land, an all seng geschate Verdéngschter, besonnesch säi militäreschen a patrioteschen Asaz am 2. Weltkrich – mat un der Säit vun den Alliéierten – fir d’Befreiung vu Lëtzebuerg.

Als Partei, déi mir eis ëmmer trei zum Land, zur Monarchie, an zur Kroun bekannt hunn, trëfft et eis zudéifst, de Verloscht vun engem esou grousse Staatsmann. Hien hëlt mat sengem Dout, eng éierbar an onvergiesslech Plaz, an der Geschicht vu Lëtzebuerg an.

 

gezeechent, déi Konservativ

 

Pressematdeelung 15.04.2019 D’Kathedral “Notre-Dame” a Flaamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!

Léif Frënn vun déi Konservativ,

Hei d’Pressematdeelung vum 15.04.2019 mam Titel “D’Kathedral “Notre-Dame” a Flaamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!”

déi Konservativ

 

DÉI KONSERVATIV

Pressematdeelung 15.04.2019

D’Kathedral “Notre-Dame” a Flaamen:

 

Eis Solidaritéit mat Frankräich!

Et ass mat grousser Trauer, datt d’Partei déi Konservativ op déi schrecklech Noriicht reagéiert, datt d’Kathedral “Notre-Dame” zu Paräis, onwidderufflech zerstéiert gouf. D’Feier an d’Flamen, hunn e nationaalt Worzeechen a Weltkulturierwen, an doriwwer eraus, e wäertvollen, historesche, kulturellen a reliéise Patrimoine am Häerze vu Frankräich zerstéiert. Eis Partei dréckt, an dësen tragesche Stonnen, hir déifste Solidaritéit mam franséische Vollek aus.

C’est avec une grande tristesse que notre parti politique déi Konservativ (les Conservateurs) réagit à la terrible nouvelle, selon laquelle, la cathédrale « Notre-Dame de Paris » a été irrévocablement détruite.

Le feu et les flammes ont détruit un monument national et trésor culturel mondial, et, au-delà, un patrimoine historique, culturel et religieux au cœur de la France. Notre parti politique exprime, en ces heures tragiques, sa plus profonde solidarité avec le peuple français.

 

gezeechent, déi Konservativ

 

PRESSEKONFERENZ vum 1. Juli 2018

PRESSEKONFERENZ

Ech wëll Iech ganz häerzlech begréissen,

léif Parteikameroden,

léif Gäscht a Sympathisanten,

léif Membere vun der Press,

léif Nolauschterer Alleguer,

Mir hunn dës wichteg Pressekonferenz haut um 1. Juli aberuff – am Virfeld vun de Chamberwahlen 2018 – a ganz am Sënn an Interessi fir d’Presentatioun vun eisem Chamberwahlmanifest géintiwwer dem Lëtzebuerger Vollek – e wichtegen Exercice fir eis Partei.

Erlaabt mir d’éischt, am Numm vun déi Konservativ, der Gemeng Suessem e grousse Merci ze soen, datt mir eis Parteikonferenz an dem schéine Kultur- a Geschichthaus hei zu Bieles ofhalen dierfen, eng éierbar Plaz vun historescher Memoire, déi fir esou eng wichteg Deklaratioun – fir en Zukunftsprogramm fir Lëtzebuerg – net besser kéint passen. E Merci gëllt awer och allen Associatiounen an Institutiounen, déi am Kader vun de Chamberwahlen, mat eis am Dialog stinn, sief dat mat Entrevuen a Meenungsaustausch, Stellungnahmen an Interviewen, oder mat politesche Recommandatiounen un eis Partei.

Erlaabt mir och, d’heiteg Riedner mat mir um Dësch vir ze stellen, déi fir d’konservativ Partei d’Wuert hunn; ugefaang hei op menger lénker Säit, mam Vizepresident Mario May, souwéi der Nationalkomiteesmemberin Pierrette Heintz, an op menger rietser Säit, der Vizepresidentin Sandra Schwachtgen, souwéi dem Generalkeessjee Patrick Thein. Si all, si fir d’Presentatioun vum Programm chargéiert ginn, a wäerten Iech dës themeräich, politesch Matière, esou lieweg, souverän, an héchst motivéiert, ärem Kenntnisstand an ärem Verständnis, méi no bréngen. Am Uschloss sti Si Iech, och gäre nach Ried an Äntwert. An, ech géing dann och vum Moment profitéieren, fir eiser Vizepresidentin Sandra Schwachtgen, net just fir hier Wiel an d’Integratiounskommissioun zu Péiteng ze felicitéieren, mä och fir hire Gebuertsdag all Guddes, an dir léift Sandra, am Numm vun eiser Partei, e Bouquet Blummen an e klenge Kaddo ze schenken.

 

Eis Partei geet mam nationale Slogan “déi Konservativ – Méi Demokratie a Fräiheet fir Lëtzebuerg” an d’Chamberwahlen. Déi dräi Begrëffer Demokratie, Fräiheet a Lëtzebuerg sti symbolesch fir de politesche Message vun eisem Programm. Eist Chamberwahlmanifest ass en theoretescht fondéiert, politescht Wierk op 38 Säiten, regroupéiert an 10 Kapitelen, mat allerlee Analysen a Fuerderungen an engem klore Konzept. Et ass e Programm ouni Ranking, well Politik heescht fir eis, Prioritéit fir all politesche Ressort an en Déngscht mat grousser Léift fir d’Land. Mat eiser Partei gëtt nees eng Politik getrei eisem Nationalmotto gemaach an de Ruff vun eise Landsleit gehéiert a respektéiert.

Et geet queesch duerch de Gaart mat Themen, mir wëllen d’Ängschten, d’Suergen an d’Problemer an d’Aa faassen, an d’Saach an d’Hand huelen; Sujeten ewéi Identitéitspolitik, Integratioun & Sprooch, Lëtzebuerger Kultur & Ierfschaft, Immigratioun & Asyl, Bannepolitik & Sécherheet, Aussepolitik & National Souveränitéit, Transport & Populatiounswuësstem, Déiereschutz & Ëmwelt, Fräiheet & Demokratie, Schoulpolitik, Gesellschaft & Familljewiesen.

Eise Programm ass net just de reelle Beweis, datt eist Engagement fir eist Land an eis Leit wichteg ass, mä virun allem, e nationalpolitesche Bäitrag fir e neit Politikverständnis, ausgoend vun enger Oppositiounskraaft mat där een elo rechne muss – eng Partei fir Fräiheet a Wourecht, an ee Nationalprogramm an déiwer an demokratescher Zesummenaarbecht vu Parteileedung a ganz ville Parteimemberen, souwéi am Respekt zu eisem Grondsazprogramm, a virrechtem Gemengewahlprogramm – et kann ee soen, geschaaf aus der Mëtt vun der Partei an als bloe Fuedem vum Lëtzebuerger Konservatismus, eiser politescher Linn an Identitéit.

A sou wëll ech Iech matdeelen, datt fir d’Representativitéit an d’Verkënnegung vun dësem Programm, an am Kampf ëm d’Interessen an d’Wieler, d’Partei e politescht Duo un d’Spëtzt vun 21 anere Matstreider berifft, déi fir eis Partei als Spëtzenteam un d’Front vun de Chamberwahle ginn. Et sief Iech all Merci gesot, déi dir ären zwee designéierte Politiker, mat Rot an Dot zur Säit stitt, an äert Vertrauen an Är déif Ënnerstëtzung gitt.

 

 

 

D’Spëtzekandidate fir d’konservativ Partei heesche …

Mario May                                                 Joe Thein

50 Joer                                                       27 Joer

Spëtzekandidat a Vizepresident       Spëtzekandidat a Nationalpresident

Reesender                                   fréiere Gemengeconseilljee

aus der Gemeng Déifferdeng               aus der Gemeng Péiteng

Mir versécheren Iech, datt elo Neel mat Käpp gemaach ginn. Mir sinn déi eenzeg, vollbliddeg konservativ Partei zu Lëtzebuerg. Bei eis vereent, sinn déi liberalkonservativ, déi sozialkonservativ an déi klassesch konservativ Interessen. Et ass eng kompakt Partei, well Jidderee mat sengem Fokus dra vertruede ass, mä wou sech gläichzäiteg Jiddereen, ënnert der Identitéit vum Konservatismus als gemeinsame Mëttelpunkt versteet.”

Déi aner Parteie wëssen: Eise Programm schwätzt d’Interesse vu Wieler aus alle politesche Lageren un, inklusiv déi grouss Wielerschaft, déi mat kenger vun den Aalparteien méi eens ass. Mir sinn déi Partei t’zwëscht enger ze lénker CSV, an enger ze populistescher ADR! Dat bitt dem Lëtzebuerger dëst Joer d’Chance eng echt Alternativ zur lénker an typescher Parteiemass ze wielen! Dat mécht eis als nei Partei, an den Ae vun eise Parteigéigner, awer och zu enger net-wëllkommer Konkurrenz am politesche Geschäft, well, eng Konkurrenzpartei nämlech ëmmer an egal wéi, een Afloss am elektorale Resultat ass. Jidderee weess, datt all Stëmm fir oder géint eng Partei, selbstverständlech, vu politescher Bedeitung ass!

Eis Partei wäert mat mindestens enger kompletter Südlëscht an engem Zil vu gudden 2%, éischtmoleg an d’Course vun de Chamberwahle vum 14. Oktober 2018 zéien, dëst, nodeems mir schonns mat allerlee Erfahrung an Dankbarkeet eisen alleréischten elektorale Score vun 2,40% fir d’Parteigeschicht op lokalem Plang zu Péiteng schreiwe konnten.

Mat der Hoffnung op e schéint a verdéngschtvollt Resultat am Süden, a ganz egal wéi d’Resultat sech an de Nationalwahle weist, versprieche mir Iech, datt d’konservativ Partei och no de Wahle, weider politesch aktiv um Ball Richtung Gol bleift. Fir eis heescht no de Chamberwahlen, virun den Europawahlen, an domat d’politesch d’Préparative fir 2019. Sidd also iwwerzeegt, datt Är Stëmme fir d’konservativ Partei, weder verluere Stëmme sinn, nach Stëmme fir d’Gambia – mä datt är Stëmmen dëser Partei an hirer Philosophie, eng fest Plaz an der Parteielandschaft séchert, an eise kriteschen a konsequente Message, erhale bleift.

Well eis zu dësem Zäitpunkt, d’offiziell Bekanntmaachung vum Programm um Häerz läit, wäerte mir bis op d’Spëtzekandidaten, nach kee Geheimnis iwwert eis provisoresch Kandidatelëscht lëften, esou, datt engersäits haut eis Iddien am Mëttelpunkt vun dëser Pressekonferenz stinn, an anerersäits, nach eng ganz lieweg Zäit fir eis Partei verbleift, wou nach eng Rei Braderien an Evenementer bis zum Dépôt op der Agenda stinn.

Mir wollten Iech och nach als kleng Informatioun matdeelen, datt mir um Wahltermäin de 14. Oktober, eis Wahlzentral am Parc Hotel Alvisse zu Dummeldeng installéieren, dem geméis fir d’Landeswahlen, eis Partei matzen am Kär vun der Haaptstad ass.

Mä genuch Introduktioun, loosst eis elo de Programm an d’Philosophie vun déi Konservativ zesumme kenneléieren. Ech géing da mam Programmvirwuert, a mam éischte Kapitel, eist Chamberwahlmanifest offiziell alauden.”

 

 

Pressematdeelung_26

déi Konservativ Pressematdeelung 24.04.2018 Deklaratioun zur Lag vum „Loftschlass” Lëtzebuerg!

D’Partei déi Konservativ huet mat Interessi, d’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun vum 24.Abrëll 2018 zur Kenntnis geholl – e wichtegen Zäitpunkt an der Politik, fir am Numm vun der Regierung, national Rechenschaft géintiwwer der Lëtzebuerger Natioun of ze leeën. Et geet an där Staatsdeklaratioun mat Verweis op d’Regierungspolitik, ëm déi politesch Bilanz, ëm de politesche Réck- an Ausbléck, ëm d’Interessen an d’Prioritéite vu Land a Leit…

D’lescht Joer, hu mir d’Ried vum Här Staatsminister, als eng «simplistesch a populistesch Deklaratioun» bewäert, nodeems d’Regierung net mat Realismus, reelle Léisungen an neigewonnener Erkenntnis, eng pragmatesch a glafwierdeg Zukunftsstrategie fir Lëtzebuerg zeechne konnt. Dëst Joer, elo um Enn vun der Legislaturperiod, no fënnef Joer Koalitiounspolitik vun DP-LSAP-Gréng, war schonns no just fofzeg Minutte, Chamberschluss:D’Deklaratioun steet an eisen Aen, fir d’Enn vun den Iddien a Visiounen, fir d’Aus an d’Kapitulatioun vun der Gambiakoalitioun! Et war eng «Deklaratioun zur Lag vum Loftschlass Lëtzebuerg!». Esou e Volleksoptrag erfuerdert eng staatsmännesch Presentatioun vun der nationalpolitescher Lag.

Net d’Meeschterleeschtung vun der Regierung, mä déi allgemeng gutt Wirtschaftskonjunktur, ass d’Erklärung fir d’Finanzsituatioun vum Staat. Dës läit trotz Wirtschaftswuesstem, ëmmer nach bei engem Haushalt vu Milliounen € Defizit, a bei Milliarden € Emprunt a Staatsschold.Mä d’Regierung, si ass iwwerzeegt, Lëtzebuerg hätt d’Plaz un der Sonn, wier kärgesond, a feiert sech selwer, fir ee Wuesstem mat Staatsschold an allerlee politesche Schantejer am Land.

Och d’Schoul-, d’Familljen-, d’Transport- an d’Europapolitik, déi de Staatsminister als Haaptsujeten a senger Ried, mat Luef a Bravour fir d’Regierung, thematiséiert huet, gounge komplett laanscht d’Realitéit, et feelt u Léisungsusäz: E Bobo gepléischtert, heescht op kee Fall, datt de gesamtpolitesche Problem un der Wuerzel geléist ass! Et ginn an dësePolitikfelder, nach ëmmer reell Hausaufgaben, an d’Reforme si bis ewell keng Erléisung! Fir aner, kriddeleg Themen, gouf et just Bemierkungen um Rand, z.B fir d’Identitéits- and’Immigratiounspolitik, d’Integratioun, d’Sécherheet, de Sozialstaat, asw. Nach manner wéi keng Positioun, gouf et z.B beim Populatiounswuesstem, der Wunnengsmaartproblematik, oder méi Demokratie am Land. Mir deelen den Hurrapatriotismus vun der Regierungskoalitioun net. Dëst Joer ass e Schicksalswahljoer fir Gambia!

Mir deele mat: Fir den 1. Juli 2018 ass d’Publikatioun vum Chamberwahlmanifest vun déi Konservativ geplangt.

gezeechent, déi Konservativ

PDF Pressematdeelung 24.04.2018 Deklaratioun zur Lag vum „Loftschlass” Lëtzebuerg!

pressematdeelung_25

déi Konservativ Pressematdeelung 28.02.2018 Eis Democracy an d’Wielgeheimnis sinn helleg!

déi Konservativ Pressematdeelung

28.02.2018

Eis Democracy an d’Wielgeheimnis sinn helleg!

D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dësem Schreiwes op de Gesetzesprojet 7118, deen Ännerungen an Adaptatioune fir d’Bréifwiel virgesäit an déi haut, um 28. Februar 2018, politesch Diskussioun an der Chamber ass. D’Partei hëlt mat Mësstrauen zwou Propositiounen vum Projet de loi zur Kenntnis;

  •   datt d’Bréifwiel universaliséiert a generaliséiert gëtt, ouni Justifikatiounen, Restriktiounen a Konditiounen, dat heescht, eng Gläichstellung vu Bréifwiel a klasseschem Wahlrecht,
  •   datt de Prinzip vu fënnef Joer, onënnerbrachener Residenszäit zu Lëtzebuerg bei de Gemengerotswahlen, duerch de simpele Noweis vu leschtem Joer Residenszäit changéiert gëtt;

    Déi Konservativ sinn, geméis hirer politescher Analys vun de siwe Modifikatiounen, zur Conclusioun komm, datt zwou punktuell Ännerungen an der Gesetzeslag, net déi richteg Optioun fir méi oder besser Demokratie sinn.

1. Mat der neier Grondlag fir d’Bréifwiel, riskéiert déi fräi Wiel an d’Wielgeheimnis a Fro gestallt ze ginn. Hei gëtt d’Gefor gelaf, datt jee no Intérêt, politesch oder onfräiwëlleg Aflossnam op de Wieler ausgeübt ka ginn, oder de „secret de vote“ eng ze vill grouss Transparenz weist. Och de Staatsrot huet a sengem Avis, op berechtegt Kritik um Gesetzestext higewisen.

2. Mat der Ouverture vum Auslännerwahlrecht bei de Gemengerotswahlen fir EU- Auslänner am Joer 1999, souwéi d’Erweiderung op Auslänner aus Drëttstaaten am Joer 2003, ass d’Participatioun vun auslännesche Communautéiten op lokalem Plang, scho laang politesch Realitéit. Eis Partei mengt, datt dëse 5-järege Residenznoweis déi lescht an eenzeg Konditioun vu politescher Souveränitéit op lokalem Plang ass, a garantéiert bleiwe soll.

Als Partei proposéiere mir allerdéngs d’Ëmsetzung vu méi direkter Demokratie duerch Referenden, an d’Schafung vun engem eenheetleche, nationale Wahlbezierk. Schued ëm e reelle Fortschrëtt, deen hei verpasst gouf…

gezeechent, déi Konservativ

 

de PDF erooflueden Pressematdeelung_25